Polemik ronderëm d'AarbechtszäitverlängerungDan Kersch wiert sech géint Reprochë vu Syndikater

Joel Detaille
D'Gewerkschaften haten der Regierung reprochéiert, datt een duerch dës Decisioun ville Secteuren d'Dieren opgemaach hätt, fir dovunner ze profitéieren.
© SIP/JULIEN WARNAND

Et ass inacceptabel: D’Regierung verlängert eesäiteg d’Méiglechkeet bis zu 12 Stonnen den Dag, respektiv 60 Stonnen d’Woch ze schaffen. Dat ass de Reproche, dee vun der Gewerkschafte kënnt, am Bezuch op d’Méiglechkeet vun der Aarbechtszäitverlängerung. D’Regierung hätt ville Secteuren elo d’Dier opgemaach, fir vun där Dispositioun ze profitéieren, fir esou Retarden aus de leschte Wochen nees eranzehuelen, kritiséieren d‘Syndikater.

Dan Kersch iwwer Aarbechtszäitverlängerung/Rep. J. Detaille

Dat stëmmt net, sot eis am RTL-Interview den Aarbechtsminister. Dat wouriwwer um Ufank mat de Gewerkschaften diskutéiert gouf, gëtt weiderhin agehalen, seet de Minister.

Just déi Betriber, déi "essentiellement wichteg si fir de Fonctionnement vun der Gesellschaft kréie vum Minister gréng Luucht, fir d’Aarbechtszäit ze verlängeren."

Den Dan Kersch: "Dat si 24 Betriber aus dem Fleegeberäich. Et sinn déi 2 Spideeler RHS a CHEM. Dann ass et nach d’Cargolux wéinst dem Cargo-Center, d’Sidor an zwou Sécherheetsfirmen. Alleguer déi aner Demanden hunn ech refuséiert, mam Argument, dass déi Betriber net essentiell si fir d’Funktionéiere vun eiser Gesellschaft. An dat wäert sech och an Zukunft net änneren."

Et ännert sech also näischt op Grond vun deem Reglement wat e Méindeg am Regierungsrot decidéiert gouf. Wa Betriber aus anere Secteuren eng Demande géife maachen, géif d’Ligne vum Dan Kersch déi selwecht bleiwe wéi bis ewell, nämlech, dass hir Aarbecht essentiell muss si fir de Fonctionnement vun der Gesellschaft.

Deemno hält een déi ganz restriktiv Ligne weider bäi, an dat sou laang wéi den Etat de crise unhält. Dono ass déi ganz Reegelung souwisou hifälleg.

Den Dan Kersch: "Och dat ass ganz kloer: Wann den Etat de crise eriwwer ass, da faalen déi Ausnahme-Reegelen do ewech. Dat war vun Ufank u gesot an dodrunner gëtt sech och gehalen."

Den Aarbechtsminister berouegt deemno, och wann dëse Sujet méi wéi sécher en Donneschdeg de Mëtteg wäert op den Dësch kommen, wann d’Gewerkschaften am Sennenger Schlass d’Regierung gesinn.

Back to Top
CIM LOGO