Robert Koch-InstitutDäitsch Corona-Warn-App elo och zu Lëtzebuerg disponibel

RTL Lëtzebuerg
D'Institut vun der däitscher Regierung fir d'Iwwerwaachen an d'Präventioun vu Krankheeten huet dat op Twitter annoncéiert.

Den däitsche Robert Koch-Institut mécht seng App och fir aner europäesch Länner am internationalen App-Store disponibel. Dorënner an enger éischter Phase och Lëtzebuerg. D'App ass vun Däitschland zougelooss a fir aner Länner fräigeschalt. Um Donneschde Moien haten 13 Millioune Leit d'Warn-App erofgelueden.

D'Applikatioun, déi zanter enger gudder Woch an Däitschland disponibel ass, miesst, op 2 Persounen, déi d'App hunn, mat hire Smartphonen iwwert länger Zäit méi no wéi 2 Meter beienee sinn. Wann ee vun de Benotzer positiv getest gouf an dat a seng App andréit, kritt deen aneren eng Notifikatioun.

Dat ganzt fonctionéiert iwwer Bluetooth. D'App géif dobäi keng perséinlech Donnéeë sammelen, verséchert de Robert Koch Institut an der Beschreiwung.

Nieft Lëtzebuerg kann een d'App och elo an Holland, der Belsch, Frankräich, Éisträich, Tschechien, Polen, Dänemark, Rumänien a Bulgarien eroflueden. Wéi de Robert Koch Institut a sengen "FAQs" schreift, hätt een d'éischt missen iwwerpréiwen, op d'Applikatioun mam Recht an deene verschiddene Länner kompatibel wier, notamment mam Dateschutzrecht. Weider Länner géifen au cas par cas gepréift ginn.

Domat géif ee sech esou wuel u Leit riichten, déi permanent an Däitschland liewen, wéi och déi, déi zum Beispill nëmmen an der Vakanz do wieren, esou d'RKI um Donneschden. Op Nofro krute mir iwwerdeems gesot, datt d'Robert Koch-Institut nëmme global Zuelen iwwert d'Downloads hätt - wéi vill Notzer se zu Lëtzebuerg erofgelueden hätte wéist een deemno net.

Onkloer ass, ob a wéi ee vu Lëtzebuerg aus der App säin Testresultat matdeele kann. Wann een Däitschland positiv getest gëtt, kann een e QR-Code op sengem Test an d'Applikatioun ascannen oder e sougenannten "TAN"-Code antippen. Déi huet een op den Tester, déi hei am Land gemaach ginn, net. Wann ee positiv getest gouf a keng sou eng Nummer huet, kann een awer och uruffen, heescht et an der Beschreiwung vun der App.

Aus dem Staatsministère heescht et, d’Regierung géif ënnersträichen, dass zu Lëtzebuerg den Ament den analogen Tracing preferéiert gëtt. Dësen Tracing wier nach weider ausbaufäeg a kéint no Bedarf verstäerkt ginn.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet am RTL-Interview präziséiert, datt si fir den Ament net géif recommandéieren, déi däitsch App erofzelueden.

null
D'Gesondheetsministesch recommandéiert fir den Ament net, déi däitsch Corona-App erofzelueden.

Back to Top
CIM LOGO