
Passéiert ass et an der Avenue de la Porte Neuve op der Kräizung mam Rondpoint Schuman. D'Cyclistin gouf blesséiert, am Bus gouf kee blesséiert. Nieft dem Stater Samu, waren och d'Pompjeeën an eng Ambulanz op der Plaz.
Zu Hollerech huet d'Police géint 22.15 Auer e Méindeg den Owend eng Persoun ugehalen, nodeem dës schonn, wéi se op der A6 ënnerwee war, negativ opgefall war. D'Gefier vum Chauffer war vir beschiedegt an den Automobilist hat däitlech ze vill gedronk. Dowéinst krut hien och provisoresch de Permis ofgeholl. Weider koum eraus, datt de Mann zu Capellen an engem Rondpoint an e Schëld gerannt war, hei louchen nach Deeler vu sengem Auto.