Grondhaff-BeefortCyclist um Samschdeg no medezineschem Tëschefall verstuerwen

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg géint 17 Auer huet d'Streck tëscht dem Grondhaff a Beefort fir méi wéi 2 Stonne misste gespaart ginn.
© RTL (Archiv)

Grond heifir war e Cyclist, deen e Malaise wärend sengem Tour gemaach hat. Wéi d'Police schreift, hat de Mann aus Holland wuel en Häerzinfarkt an ass nach op der Plaz gestuerwen. De First Responder, Samu, d'Ambulanz an d'Pompjeeë waren nieft de Policebeamten am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO