Zeienopruff no Accident bei UeschdrefCyclist leescht de Kanner keng Hëllef a fiert einfach weider

RTL Lëtzebuerg
Aus bis elo ongekläerte Grënn huet de Cyclist mat de Kanner, déi am Accident verwéckelt waren, gejaut an ass ouni de Kanner ze hëllefen, weidergefuer.
© flickr

Op engem Feldwee tëscht Kietscht an Ueschdref, deen a Richtung "Rue de la Mairie" op Ueschdref féiert, waren en Dënschdeg 4 Kanner op 2 Trottinetten ënnerwee. Wéi d'Kanner de Wee erofgefuer sinn, ass hinnen e Cyclist entgéint komm. Souwuel d'Kanner op den Trottinetten, wéi de Vëlosfuerer hu missten auswäichen, woubäi déi 2 Trottinettë missten an e Rampli fueren an déi 4 Kanner gefall sinn.

Aus bis elo ongekläerte Grënn, huet de Mann mat de Kanner gejaut, iert en dunn einfach weider gefuer ass, ouni de Kanner ze hëllefen.

Beim Cyclist soll ech sech ëm e Mann handelen, dee Lëtzebuergesch an Däitsch geschwat huet an tëscht 50 a 60 Joer al ass. Hien hat e Brëll op en eng kuerz Box un.

De Mann, sou wéi all weider Zeien, solle sech bei der Police vu Réiden un der Atert um 244921000 oder per Mail (police.atert@police.etat.lu) mellen.

Back to Top
CIM LOGO