CGDISCyclist gouf zu Esch ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt een Accident tëscht engem Auto an enger Vëlosfuerer zu Esch.

De Cyclist gouf e Freideg de Mëtteg géint 13 Auer zu Esch vun engem Auto ugestouss. Hie gouf dobäi och blesséiert.

Zu Déifferdeng ass e Freideg am spéiden Nomëtteg eng Persoun um 16.50  an der Rue Marie Rausch-Weynand ugestouss ginn. De Foussgänger gouf blesséiert. An tëscht Uewereesbech an dem Kounenhaff gouf et dem CGDIS no en Accident tëscht engem Moto an Autoen. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO