
De Coronavirus befligelt déi ëffentlech Petitioune vun der Chamber. Et kënnt nämlech och elo zu engem ëffentlechen Debat géint de CovidCheck an de Betriber an an ëffentlechen Ariichtungen. D'Petitioun huet d'Limitt vun de 4.500 Ënnerschrëften iwwerschratt.
De CovidCheck wier eng Menace fir d'Grondrechter an d'Beweegungsfräiheet, argumentéiert de Petitionär a géif d'Gesellschaft splécken. Donieft huet d'Petitioun, déi weiderhi gratis PCR-Tester fir d'Residentë freet, scho méi laang den néidege Quorum erreecht. An 11.686 Leit hu sech géint eng Impfflicht via Petitioun vun der Chamber ausgeschwat.
D'Demande no alternative Covid-Traitementer hat de Minimum vun den Ënnerschrëfte just mat ganz wéinege Stëmme verpasst.