D'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisë weess net genee, wéi vill Betriber elo direkt mat deem System schaffen, ma se ass awer dovunner iwwerzeegt, datt no an no ëmmer méi Entreprisen dorop zeréckgräifen.
An den Etablissementer aus dem Horeca-Beräich gëtt de CovidCheck jo vun e Méindeg un obligatoresch, net just fir d'Clienten, mä eben och fir d'Personal. De Jean-Paul Olinger, Direkter vun der UEL, geet dovunner aus, datt an deene Wochen dono ëmmer méi op d'Erfarungen zeréckgegraff ginn, déi notamment an deenen Etablissementer gemaach ginn an datt de CovidCheck dann an ëmmer méi Betriber agefouert gëtt. Chifferen huet hien awer keng. "Mir hu keng Chifferen, mir hunn eis "foire aux Questions" erausginn, wou mer op Froe geäntwert hunn. Mir probéiere Betriber ze begleeden, do wou se Froen hunn an d'Betriber kucken dat och deen Ament mat hire Personaldelegatiounen. Dat ass e Prozess, deen och bëssen Zäit hëlt"
D'UEL an d'Gewerkschafte wëllen an deenen nächste Wochen a Kontakt bleiwen, fir d'Situatioun zesummen ze suivéieren, seet de Jean-Paul Olinger. E Kader-Accord, dee fir all Betrib gëllt, gëtt et net. Dofir wieren d'Entreprisen ze vill ënnerschiddlech.
Et géife Betriber, wou de CovidCheck-System méi einfach z'applizéiere wier, wéi an aneren. "Betriber, wou vill Duerchgangsverkéier ass, do ass et natierlech méi schwéier, wéi op Plazen, wou eng Ekipp zesummekënnt, vläicht de ganzen Dag zesummebleift an dann Owes erëm heem geet. Alles, wat administrativ Aarbechte sinn, ass sécherlech e bësse méi einfach, ewéi wann een elo an engem Buttek ass, wou Clienten erakommen an deementspriechend ass et jo och esou, dass den Text virgesäit, dass een de Perimeter selwer ka festsetzen."
D'UEL ass dovunner iwwerzeegt, datt jiddereen Interêt drun huet, datt de Covid Check an deene Betriber, wou et méiglech ass, positiv ëmgesat gëtt. Dat zesumme mat de Personaldelegatiounen an am Accord mat de Salariéen, wéi de Jean-Paul Olinger seet.