
Detailer iwwert dësen Test-Programm ginn et awer keng vun der Regierung. Et heescht just, datt ee séier kéint mat dëse Mesuren handelen, wann d'Covid-Tendenzen nees sollten unzéien.
D'Ministere si sech och eens ginn iwwert d'national Strategie, wéi de viséierten, internationale Klima-Finanzement bis 2025 soll ausgesinn, Detailer ginn et e Méindeg.
Festgeluecht gouf och de Montant fir d'Ofwaasser-Tax, déi sech op 11 Cent op de Meterkibb beleeft.