Large Scale TestingCovid-Test och fir Leit aus prekäre Verhältnisser

Pierre Jans
Dës ganz Woch kënne concernéiert Leit sech op 8 verschiddene Plaze bei verschiddenen Hëllefsorganisatiounen teste loossen.

Et gi Leit an eiser Populatioun, déi net vum selwe kënnen um Large Scale Testing op de Coronavirus deelhuelen. Dofir hunn déi Professionell aus dem Santésberäich zesummen decidéiert, op Leit, déi an der Prekaritéit sinn – Laangzäitaarbechtsloser, Jonker a Schwieregkeeten, Leit ouni Pabeieren an Drogesüchteger – duerzegoen.

Testen esou vill et geet, fir Infektiounsclusteren ze detektéieren. Dat ass d'Zil vum Large Scale Testing. Ma net all d'Leit zu Lëtzebuerg hunn eng Adress, op déi si eng Invitatioun fir e Covid-Test kënne kréien. Dowéinst huet d'Santé fir déi zweet Phas vun der Teststrategie missen ëmdenken.

Dr. Thomas Dentzer:''Mir ginn och op Plazen eraus bei Leit, déi am Fong net géife bei eis kommen, fir se dann awer an de Large Scale Testing ze kréien. Fir ze gesinn, ob et positiv Fäll ginn, an déi dann z'isoléieren.''

Large Scale Testing/ Rep. Pierre Jans

An där mobiller Teststatioun, engem ëmgebaute Bus, kënnen iwwer 500 Covid-Tester den Dag gemaach ginn. De Bus fiert zum Beispill a Fleege- an Altersheemer, mä an dëser Woch eben och bei Strukturen, an deenen no Leit aus prekäre Verhältnisser gekuckt gëtt. De Centre Ulysse um leschte Steiwer zu Bouneweg zum Beispill.

''Et war eis wichteg, dass déi Populatioun och berécksiichtegt gëtt, well eben och do ganz vill Leit sinn, déi infizéiert sinn, wéi an aneren Deeler vun der Populatioun och.''

D'Santé schafft zesumme mat 8 Associatiounen aus dem Sozial-Beräich. Den Aarbechtsgrupp "Santé sociale" am Gesondheetsministère koordinéiert d'Aarbecht um Terrain.

Dr. Dentzer:''Mir fueren iwwer verschidde Foyeren, verschidde Coordinateuren, déi wierklech enk mat de Leit zesummeschaffen an déi Roll iwwerhuelen, fir de Lien ze maachen tëscht de Leit an eisem Contact-Tracing, déi da verschidde Mesurë proposéieren.''

Ënnert anerem zwee fräiwëlleg Doktere vun der Associatioun Médecins du Monde iwwerhuelen déi Roll. Een dovun ass de Generalist Guillaume Bastin. Hie beschreift seng Aufgab: ''Déi Patienten hu keng Assurance bei der CNS a keng Matricule oder eng Adresse. Deemno musse si anescht kontaktéiert ginn, fir hinnen en Test ze proposéieren. Duerno kréie mir als Coordinateuren d'Resultater direkt vum Labo.''

Wat geschitt, wann eng Persoun aus prekäre Verhältnisser positiv getest gëtt?

D'Resultater ginn dann analyséiert a wann een Test positiv ass, da muss de concernéierte Patient esou séier wéi méiglech kontaktéiert ginn. Wann eng Telefonsnummer disponibel ass, kritt d'Persoun ugeruff. Am anere Fall mussen d'Coordinateuren eng Alternativ fannen. Hei e Beispill: E Méindeg war den Test-Bus bei der Wanteraktioun um Findel. An do gouf et och positiv Fäll. De Generalist Yann Gorges erkläert, wat dann ze maachen ass, am Fall wou de Patient iwwer Telefon net ze erreechen ass:

''Da ruffen ech d'Wanteraktioun un. Da soen ech hinnen, dass dee Patient positiv ass an isoléiert muss ginn. Da kucke si, dass si dee Patient ganz ganz fécks an Isolatioun setze kënnen an hirem Bâtiment B um Findel, wat do ass, fir positiv Fäll ze isoléieren. Do hunn déi Leit en Daach iwwert dem Kapp a sinn isoléiert.''

Duerno gëtt dann eng laangfristeg Léisung fonnt, de Patient muss jo an Isolatioun. Dofir goufen Zëmmeren an Hotelle reservéiert.

Generell: D'Pandemie hält d'Associatiounen an d'Benevoller op Trapp.

Den Dokter Gorges erënnert sech: ''Ech schwätze vum éischte Lockdown. Mir hunn eis ganz Prozedur vun de Permanencen ugepasst. Mir sinn awer opbliwwen als medezinesch Opfankstruktur fir Patienten, déi soss néierens Hëllef kréien.''

Do sinn natierlech och Mënschen dobäi, déi potentiell Covid-Symptomer hunn.

''Wann de Patient keng akut medezinesch Hëllef brauch, da schécke mir e mat enger Ordonnance an de Covid-Test. Mat den Ordonnancen, déi mir ausstellen – dat ass esou mat der Santé ofgeschwat – kënnen déi Leit an egal wéi ee Laboratoire goen.''

Wann ee sech bei de concernéierten Acteuren um Terrain ëmhéiert, mierkt een hir Erliichterung, dass d'Regierung duerch d'Covid-Kris d'medezinesch Nout am Sozial-Beräich erkannt hätt.

Back to Top
CIM LOGO