1 Joer no HéichpunktCovid-Situatioun an de Spideeler un der Limitt

Diana Hoffmann
Jeannot Ries
Ee Joer ass et hier, datt d’Zuel vun de Covid-Hospitalisatiounen zu Lëtzebuerg en absolutten Héichpunkt erreecht hat.
Situatioun an de Spideeler
Ee Joer ass et hier, datt d’Zuel vun de Covid-Hospitalisatiounen zu Lëtzebuerg en absolutten Héichpunkt areecht hat.

250 Persounen hu misse wéinst der Infektioun am Spidol behandelt ginn. Eng 50 dovunner louchen op der Intensivstatioun.

D’Situatioun haut an de Spideeler ass mat enger 40 Covid-Patienten an 13 op der Intensivstatioun eng aner. Den Ament funktionéieren d’Klinicken nach normal, all d’Fleege si garantéiert. Nach - muss een awer soen. Et wier een nämlech op der Limitt, seet den Dr. Philippe Türk, President vun der Spidolsfederatioun. An alle véier Klinicken, déi Covid-Patienten ophuelen, ginn dräi bis véier Covid-Patienten op der Intensivstatioun behandelt, wat nach ze geréiere wier.

Am CHL an der Stad goufen dës Woch awer fënnef Covid-Patienten op der Rea behandelt. Wisou dat scho problematesch ass, erkläert den Dr. Bernd Schmitz, Direkter vum Service fir Patienten a kriteschem Zoustand: «D’Reanimatioun ass am Prinzip voll. Bei eis ginn et sechs Zëmmer fir Covid-Intensivpatienten, ginn et der méi, muss an der Klinick ëmdisponéiert ginn». Bedeit, datt aner Fleege mussen zréckgefuer ginn.

D’Personal an d’Doktere wiere midd vun der laanger Pandemie, fir déi keen direkt Enn a Siicht ass, betount de Bernd Schmitz. Well och wann dräi bis véier Covid-Patienten op der Intensivstatioun no net vill kléngt, fir e grousst Spidol, ass den Aarbechtsopwand enorm. Et kann ee soen, dass d’Betreiung hei 1 zu 1 ass, also ee qualifizéierte Fleeger op ee Patient. Covid-Patiente sollen dann all dräi bis véier Stonne gedréint ginn. Wéinst all de Schläich géing dat 30 Minutten daueren, seet de Bernd Schmitz. An et bräicht een dofir véier bis sechs Leit.

Iwwert déi ganz Pandemie ass dann d'Pathologie vum Covid-Patient op der Intensivstatioun, déi selwecht bliwwen. Virun allem eeler Leit a Leit mat Virerkrankunge si concernéiert. Ma et gëtt awer, zanter datt den Impfstoff do ass, ee groussen Ënnerscheed. Vun 30 Covid-Patienten, déi Zanter Juli op der Intensivstatioun am CHL behandelt gi sinn, waren der just dräi geimpft. «Dës geimpfte Leit haten awer och nach aner medezinesch Problemer», ënnersträicht de Bernd Schmitz. Am Schnëtt kann ee soen, datt vun zéng Patienten op der Intensivstatioun just ee geimpft ass.

Deen eenzege Wee, datt déi Pandemie méiglechst séier op en Enn kënnt, gesäit de Philippe Türk dann an der Impfung. Déi 22 Prozent vun der Bevëlkerung, déi nach net geimpft sinn, missten iwwerzeegt ginn. Dat ass fir hien de Schlëssel, virun allem aneren. E weidert Puzzelstéck an der Lutte géint de Virus wäert awer och sinn, wa geschwë kënnen d’Kanner geimpft ginn, mengt de Bernd Schmitz.

Wéi de Virus op en Enn wäert kommen, do huet een ënnert anerem d’Erfarungswäerter vun der Spuenescher Gripp. No 2 Joer hofft een, datt de Virus ofgeschwächt ass an d’Bevëlkerung zum groussen Deel duerchseucht. Iergendwann wäert dann och dëse Virus wéi de Grippevirus sinn. «Am Wanter wäert en da wuel am stäerksten zirkuléieren», mengt de Bernd Schmitz. An da wäert et net nëmme saisonal Welle ginn, ma och Joren, an deenen e méi virulent ass, a méi Liewe kascht. Wéi och bei der Gripp. Op de Wanter kuckt een am Spidolswiesen elo mol nach mat Skepsis. D’Hoffnung läit um Fréijoer.

Back to Top
CIM LOGO