CDCVACovid-19 un der Stëmm erkennen

RTL Lëtzebuerg
Och hei am Land gëtt vill am Kontext vun der Pandemie gefuerscht.
Covid19 un der Stëmm erkennen
Och hei am Land gëtt vill am Kontext vun der Pandemie gefuerscht.

Covid-19 iwwer d'Stëmm oder den Houscht erkennen. Dat soll an noer Zukunft méiglech sinn. Zu Lëtzebuerg gëtt un esou engem Projet geschafft an et gi Leit gesicht fir matzemaaachen.

5 Minutten Zäit, e Smartphone an eng roueg Plaz. Méi brauch et net, fir beim Projet CDCVA matzemaachen. E puer Felder ausfëllen iwwer Virerkrankungen a Gesondheetszoustand, eventuell eng Covid-Infektioun... an da ginn d'Houscht, Otem a Stëmmprouwen opgeholl. Am ganze 5 Aufgaben.

Um Belval beim List, dem Luxembourg Institute of Science Technologies, ginn d'Stëmmopnamen analyséiert. Am Respekt vum Dateschutz, ënnersträicht den Dr Muhannad Ismael. Zanter Ugangs November sammelt de Responsabel vum Projet CDCVA Stëmm an Houscht-Echantillone vu Covid-Patienten a Leit, déi net mam Virus infizéiert sinn. Vu datt et sech ëm eng Erkrankung vun den Otemweeër handelt, kéint een Ënnerscheeder beim schwätzen, houschten an ootmen notéieren. Esou de Fuerscher.

Unhand vun dëse Charakteristiken ka kënschtlech Intelligenz léieren, fir eng Covid-19-Infektioun un der Stëmm ze erkennen. Wuel wäert d'Applikatioun kee PCR oder Bluttest ersetzen. Ma se kéint an Zukunft beispillsweis an den Teleconsultatioune mam Dokter an den Asaz kommen oder wa Leit d'Ambulanz ruffen.

"Le système lui-même va être comme un outil qui permet de faire un test préliminaire pour un grand nombre de personnes avec un coût très faible, comme c'est une application. Et en plus très rapide. C'est ça l'avantage.", seet de Mohannad Ismael. Deen an Zesummenaarbecht mam LIH an der Uni.lu op dësem Projet schafft.

Am Ausland ginn et den Ament änlech Projeten. Beispillsweis op der renomméierter Cambridge University oder um MIT, dem Massachusetts Institute of Technology. Hei wär een och réischt bei der Collecte vun Daten, eng Applikatioun géif et nach net.

Och wann d'Pandemie geschwë mat Hëllef vu Vaccinen ënner Kontroll kéint sinn, wären dës Recherchen net verluer. Si kéinten hëllefen, fir an Zukunft nach aner Kränkte mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz un der Stëmm ze erkennen.

Beim Lëtzebuerger Fuerschungsprojet CDCVA hu bis ewell eng 400 Leit bei den Houscht- a Stëmmëmfroe matgemaach. Fir eng prezis Applikatioun ze entwéckelen, brauch een op mannst 2.000 Participanten. Dorënner vill Covid-Patienten.

De Muhannad Ismael hofft, datt deemnächst bei de Covid-Test-Resultater e Sensibiliséierungsmessage matgeschéckt gëtt, fir d'Leit ze invitéieren bei der CDCVA-Ëmfro matzemaachen. Eng Ufro bei der Santé hätt hie schonn agereecht.

Link fir bei der Etüd matzemaachen: https://cdcva.list.lu/

Back to Top
CIM LOGO