
Déi zwee Covid-19-Gesetzesprojeten, déi en Dënschdeg vum Staatsrot aviséiert goufen, sinn no enger laanger Reunioun e Mëttwoch vun den zoustännege Chamberkommissioune gutt geheescht ginn.
De Remarken an Objektioune vum Staatsrot gouf e Mëttwoch Rechnung gedroen an et goufe 4 Amendementer formuléiert, déi elo nach emol musse vun der héijer Kierperschaft aviséiert ginn.
Dobäi geet et ënnert anerem ëm den Traitement an de Stockage vun Donnéeën. Déi gréisst Oppositiounspartei, d'CSV, huet sech beim Vott vun den Texter an den Amendementen enthalen. Och d'Piraten hu sech enthalen.
Bis datt e weideren Avis vum Conseil d'Etat do ass, dierft et séier goen, sou datt de Vott vun den No-Covid-Gesetzer wéi geplangt e Méindeg dierft am Stater Cercle iwwert d'Bün goen - pénktlech, fir datt den Etat de crise de 24. Juni Hallefnuecht ofleeft.
Den Avis gëtt um Samschdeg an de kompetente Chamberkommissiounen debattéiert.
D'"Zwangshospitalisatioun" gëtt weider am Text, deen e Mëttwoch an de Kommissiounen ugeholl gouf, festgehalen, mä sou, wéi de Staatsrot et formuléiert hat, méi streng encadréiert. Zil ass et, d'Rechter vun der concernéierter Persoun ze stäerken an ze schützen. Dës Mesure wier dann och dem LSAP-Rapporter Mars Di Bartolomeo no dat lescht Mëttel an et wier e Seeldanz tëscht der Fräiheet vum Eenzelen an där vun der Allgemengheet.

RTL-Artikel: Claude Wiseler: Mesuren an de Covid19-Gesetzer sinn disproportionéiert