Äntwert op parlamentaresch UfroConjoint vum Staatschef ka politesch net responsabel gemaach ginn

Maxime Gillen
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hat eng parlamentaresch Ufro gestallt, an där hie freet, ob d'Grande-Duchesse sech dierft politesch engagéieren.

Eleng d'Fro hat scho fir Opreegung gesuergt. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hat viru knapp engem Mount eng parlamentaresch Ufro un de Premier gestallt, an där hie freet, ob d'Grande-Duchesse sech dierft politesch engagéieren, respektiv de Patronage vun enger politescher Manifestatioun iwwerhuelen. En Donneschdeg koum dunn d'Äntwert aus dem Staatsministère.

Op wéi eng Manifestatioun hie sech konkret bezitt, geet net explizit aus der Fro vum Fernand Kartheiser ervir. Hie schwätzt vun enger„oppe männerfeindlecher Initiativ“, déi zwar d'Gewalt géint Fraen a Meedercher thematiséiert, ma zum Beispill d'Männer als Affer vu Gewalt ignoréiert.

A senger Äntwert op d'Fro vum ADR-Deputéierten präziséiert de Premier, dass sech d'Fro jo géif op d'Orange Week bezéien. Dëst ass eng Sensibiliséierungscampagne vun de Vereenten Natiounen, géint d'Gewalt géint Fraen a Meedercher.

De Xavier Bettel stellt iwwerdeems kloer, dass dëst iwwerhaapt keng politesch Manifestatioun ass, ma eng Initiativ fir op d'Gewalt géint Fraen hinzeweisen. E Phänomen, dee leider ëmmer nach géif bestoen, souwuel am Ausland wéi och hei zu Lëtzebuerg. Dës Manifestatioun wier deemno och net politesch, ma géif op universelle Mënscherechter an elementarer Mënschlechkeet baséieren, déi an den Ae vun der Regierung sollten zum gesellschaftleche Konsens gehéieren.

Ma fir och déi méi allgemeng Fro vum Deputéierten ze beäntweren, ob d'Grande-Duchesse theoretesch dierft e politescht Engagement unhuelen, zitéiert de Staatsminister en Dekret vum Juni 2012. Doraus geet ervir, dass d'Grande-Duchesse hir Titele souwuel ëffentlech wéi privat dréit. Deemno wier och net virgesinn, dass si hiren Titel kéint temporär ofginn, wéi den Deputéierten nach gefrot hat.

De Statut vum Titel vum Conjoint vum Staatschef wier doriwwer eraus awer net gereegelt, esou de Premier weider. Ma aus dem Gewunnheetsrecht géif sech erginn, dass de Conjoint vum Staatschef sech net politesch engagéiert.

Doduerch, dass der Grande-Duchesse hiren Titel un dee vun hirem Mann gebonnen ass, wier déi logesch Konsequenz, dem Premier no, dass och hir Persoun „inviolable“ ass an deemno weder politesch nach strofrechtlech responsabel ka gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO