D'Entwécklung vun den Depensë vum Staat mécht eis mëttel- a laangfristeg Suergen, dat sot e Mëttwoch de Moien de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen bei eis am Interview um Radio, dat am Virfeld vum Budgetsdepot an der Chamber. An Zäite vu geopolitesche Polykrisen an um Hannergrond vu strukturelle Problemer wéi zum Beispill an der Gesondheet oder och de Pensiounen, misst de Staat ufänken, Prioritéiten am Budget ze setzen a "sech der Decken no strecken", amplaz datt d'Ausgaben ëmmer nëmme weider klammen.
D'Chambre de commerce stéisst sech net réischt zanter gëschter drun, datt de Staat besonnesch vill Sue bei sech selwer, also fir d'Fonction publique ausgëtt. De Carlo Thelen huet e Mëttwoch de Moien d'Fro opgeworf, ob een net eng Brems beim Zouwuess vun de Staatsbeamte bräicht. Grad an Zäiten, wou d'KI an d'Digitaliséierung ëmmer méi Aarbecht iwwerhuele kéint. Et hätt kee Wäert, elo nach Leit anzestellen, wa verschiddener an noer Zukunft duerch déi Kënschtlech Intelligenz ersat ginn. De Carlo Thelen ass och dovunner iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg säi Chômageproblem net domadder léist, andeems Leit beim Staat agestallt ginn. Vill méi misst een de Betriber hëllefen, nees produktiv a rentabel ze sinn, sou de Generaldirekter vun der Handelskummer. No fënnef Joer ouni Wuesstem, zéng Joer ouni Produktivitéitsgewënner zu Lëtzebuerg, wieren d'Betriber dat haut net méi.
D'Tatsaach, datt an den éischten néng Méint vun dësem Joer (de Gilles Roth huet déi Zuelen e Méindeg der Chamber presentéiert) 21,4 Prozent méi Recetten aus der Betribsbesteierung an d'Staatskeess gespullt goufen an de Finanzsecteur apaart vill Recettë generéiert, wier, eisem Invité no, net nohalteg. Et géif sech hei deels ëm Steieren handelen, déi réischt mat Retard agedriwwe goufen. Respektiv wieren do zwar e puer grouss Betriber derbäi, deenen et nach gutt goe géif. Dorobber kéint een awer net an Zukunft bauen.
D'Chambre de commerce ass natierlech, am Géigendeel zu der Salariatskammer, dogéint, d'Kapital méi ze besteieren, fir de Lëtzebuerger Steiersystem méi gerecht ze maachen. Lëtzebuerg wier scho laang kee Steierparadäis méi, huet eisen Invité betount. D'Acteure géifen hei am Land "all héich besteiert ginn". Dat géifen antëscht och d'Talenter mierken, déi an de Grand-Duché kommen. Dës Leit géifen net méi fir d'Steiere kommen. Mä de Grand-Duché wier als kleng oppe Wirtschaft awer nach ëmmer gutt beroden, fir en attraktiivt Steierëmfeld ze halen. Fir héich Fortunen zousätzlech ze besteieren, ass fir d'Handelskummer deemno och keng Optioun.
Déi geplangte Steierreform gëtt grondsätzlech vun der Chambre de Commerce begréisst. De Käschtepunkt vun 800 - 900 Milliounen Euro hätt een awer "och e bësschen erféiert", sou de Carlo Thelen. Ob et besser gewiescht wier, d'Steierreform wéinst dem ongënschtege geopolitesche Kontext fir den Ament op Äis ze leeën, dorobber wollt sech den Invité net festleeën. Dat wier eng politesch Decisioun.
Elo, wou d'Inflatioun nees unzitt, geet de Statec a senger leschter Konjunkturnott dovunner aus, datt déi nächst Indextranche an de leschten dräi Méint vum Joer erfale wäert. Deemno missten d'Sozialpartner méi fréi wéi geplangt zu enger neier Tripartite zesummekommen. De sougenannten "Tankrabatt" beispillsweis leeft jo nëmme bis Enn des Joers.
Fir de Carlo Thelen géif een, doriwwer raus, sou lues op de Punkt kommen, op deem ee sech déi prinzipiell Fro stelle misst, wéi dacks mer eis sou eng Tripartite iwwerhaapt nach leeschte kënnen an ob een net de Problem misst un der Wuerzel paken. Stéchwuert Index. Wann et der Handelskummer no geet, misst een, wéi d'Belsch et och gemaach huet, de Courage an de Grapp huelen an den Indexsystem ugoen. Op Dauer kéint een nämlech net weiderfueren an Tripartitte mam Staatsbeidel finanzéieren, besonnesch wann deen ëmmer méi eidel gëtt.
Invité vun der Redaktioun: Carlo Thelen
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.