"Mer brauchen nei Talenter an der Arméi" . Dat sot den neie Generol Claude Robinet, deen d'lescht Woch de Poste vum Chef d'État-major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwerholl huet. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Säi Moto "Let's Do It - Arméi" géing him als Kompass déngen a berout op 4 Achsen. Diversifikatioun, Operationalitéit, Integritéit an Technologien. D'Arméi bräicht genee dofir nei Talenter a verschidde Personal-Profiller, fir hir Capacitéite weider z'entwéckelen. Gläichzäiteg misst d'Arméi bei hirem Wuesstem un hirer Kultur an hire Wäerter festhalen. Besonnesch bei der Aféierung vun neie Capacitéite wier d'Integritéit extrem wichteg.
D'Asazbereetschaft beschreift den neien Arméischef als eng permanent Aufgab. Nieft dem deeglechen Training missten och d'Doktrinnen, d'Organisatioun, d'Material an d'Infrastrukture weiderentwéckelt ginn. Dës verschidden Elementer missten zesummepassen, fir datt d'Arméi hir Aufgaben erfëlle kann. Grad bei den Infrastrukture wier een hannendran. "Dat dauert relativ laang bei eis, do si mer méi schnell mat Material-Uschafung, méi schnell och mat Ausbildung. Dat Ganzt muss awer Hand an Hand goen. Wa mer net d'Leit iergendwou ënner Daach kréien, d'Material ënner Dag kréien, hu mer Problemer."
Och d'Munitioun wier een entscheedende Bestanddeel vun der Asazbereetschaft. De Generol huet an deem Kontext op en deposéiert Munitiounsgesetz verwisen. Ouni déi néideg Munitioun kéinten déi scho bestallte Gefierer hir Funktioun net erfëllen.
Brauch Lëtzebuerg eng eegen Defense-Industrie? "Waffen made in Luxembourg"? Dozou seet de Generol, dass Lëtzebuerg säi Beitrag misst leeschten, ouni dass hei onbedéngt Waffe musse produzéiert ginn. Schonn haut géife Lëtzebuerger Entreprisen als Zouliwwerer fir méi grouss Firme schaffen. Dës Bedeelegung un de Liwwerkette kéint d'Resilienz stäerken an zur europäescher Verdeedegungsfäegkeet bäidroen. Fir den Arméischef ass kloer:"Defense fonctionéiert net ouni d'Industrie"
Ob d'Roll vun der Arméi als Observateur an der Evaluatiounszell bei den Dronevirfäll um Findel duergeet, wollt de Claude Robinet net bewäerten, well hien do nach net selwer involvéiert war. Hien huet awer betount, datt Drone weder physesch Grenzen nach Grenzen tëscht Institutioune kennen. Dofir missten déi zoustänneg Ministèren an Administratiounen enk zesummeschaffen.
Wat geschitt, wann eng Dron als feindlech agestuuft gëtt? Virun enger Interventioun misst eng Dron fir d'éischt detektéiert an identifizéiert ginn. Eréischt wann hir Geféierlechkeet bewäert wier, kéint iwwer eng Aktioun decidéiert ginn. Dobäi géifen déi gülteg Reegelen an Uerderen, awer och méiglech Kollateralschied eng Roll spillen. D'Arméi hätt op alle Fall fir d'éischt d'Verflichtung, hir eege militäresch Infrastrukturen ze schützen. Beim Schutz vun anere kriteschen Infrastrukturen am Land, zum Beispill de Flughafen, huet d'Arméi eng ënnerstëtzend Funktioun nieft den zoustännegen zivillen Autoritéiten.
D'Ofwier aus der Loft misst een a verschiddene Schichte verstoen, wéi bei enger Ënn, vum Buedem bis a grouss Héichten. An all Land hätt dobäi säi Bäitrag am Kader vun der NATO ze leeschten. Och Lëtzebuerg. Dobäi misst een och dat eegent Personal a Material um Terrain schützen. Fir dësen direkte Schutz wiere scho Mesurë geholl ginn. Fir den Opbau vun der Loft- a Rakéitenofwier feelt der Lëtzebuerger Arméi awer nach Erfarung. Dofir setzt de Claude Robinet op d'Zesummenaarbecht mat Partnerlänner. Eng Etüd leeft schonn; duerno misste Konzepter ausgeschafft, Material ugeschaaft a Leit ausgebilt ginn. De gewielte System misst mat deene vun den Alliéierte kompatibel sinn. Eng operationell Capacitéit wier eng Saach vun e puer Joer. Nieft laange Liwwerzäite fir Material a Munitioun bräichten déi technesch usprochsvoll Aufgaben och entspriechend Personal-Profiller.
De gemeinsame Kampf-Batailloun mat der Belsch soll méi Mobilitéit, méi Feierkraaft a méi Protektioun bréngen. Nieft dem Härebierg zu Dikrech sinn och en État-major zu Arel a Logistik-Infrastrukturen am Süde vu Lëtzebuerg zu Suessem virgesinn. "Dat heescht, mir hunn u sech eng Verdeelung och vun den Aarbechtsplazen am Land, wat natierlech d'Attraktivitéit u sech och da méi interessant mécht". D'Material fir de binationale Batailloun géing 2028 geliwwert ginn an déi éischt Leit géingen dann och direkt domat trainéieren. Dat wier awer Material, wat och e gewëssene Sécherheetsstandard vum Stockage hier muss erfëllen. An do brauche mer eben nees Infrastrukturen, fir dat ze maachen, sou den neie Generol Claude Robinet.
Invité vun der Redaktioun: Claude Robinet
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.