AdemChômagetaux läit am August bei 6,4%

RTL Lëtzebuerg
Enn August waren 18'525 Residente bei der Adem ageschriwwen, dat sinn 1.232 manner Demandeurs d'emploi ewéi nach Enn Juli.
© adem

Hei ginn d'Residente gekuckt.

Am Joresverglach ass hei allerdéngs eng Hausse vu méi ewéi 20% ze notéieren.
De Chômagetaux läit am August bei 6,4%, am Juli louch deen nach bei 6,6%.

Tëscht Abrëll a Juli war d'Hausse virun allem doduerch ze erklären, datt manner Plazen ugebuede goufen. Zënter August ass et awer lo sou, datt virun allem nees méi Dossieren era kommen.

PDF: Statec - Chômagezuele vum August 2020

Back to Top
CIM LOGO