
De CGDIS huet e Sonndeg den Owend géint 20 Auer en Accident op der Tréierer Autobunn gemellt. Op der A1 op der Héicht vum Sennengerbierg war een Auto riets géint d'Leitplanke gefuer, wouduerch de Won op d'Iwwerhuelspuer geschleidert gouf. De Chauffeur gouf dobäi liicht blesséiert. Wéi d'Police schreift, ass een Alkoholtest beim Automobilist positiv ausgefall. Wéinst engem Resultat vun 0,8 Promill huet hie missten eng Strof vun 145 Euro bezuelen an et goufen him zwee Punkten um Fürerschäin ofgezunn. Nieft de lokale Secouristen aus der Stad a vu Mensder war och ee Samu-Won am Asaz.
E Sonndeg géint 16.45 Auer gouf et ausserdeem nach een Accident kuerz viru Munneref. E Chauffeur war op der Route de Remich ënnerwee, wou hien d'Kontroll iwwert säi Won verluer huet an op der rietser Säit vun der Strooss géint e Verkéiersschëld geknuppt ass. Den Automobilist gouf dobäi liicht blesséiert a gouf an d'Spidol ageliwwert. Och an dësem Fall gouf festgestallt, datt de Chauffeur ze déif an d'Glas gekuckt hat. Hien huet säi Fürerschäi missen ofginn.
De CGDIS huet de Méindeg de Moien ausserdeem zwee Accidenter gemellt. Géint 5.30 Auer ass en Auto zu Rodange an der Zowaascher Strooss an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.
Géint 7.15 Auer sinn tëscht der Kräizerbuch an Habscht zwee Ween matenee kollidéiert. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.