
Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Mäertert an de Samu aus der Stad, souwéi d'Rettungsdéngschter vu Manternach a Gréiwemaacher-Mäertert.
Kuerz no 19 Auer war um Tossebierg zu Mamer ee Motocyclist mat senger Maschinn gefall. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mamer a Bartreng.
E Freideg de Moien ass géint 7.35 Auer Eeschweller (Café Halte) en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. 1 Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeën aus dem Kiischpelt a vu Wolz, d'Ambulanz vu Wolz an de Samu waren op der Plaz.