35 Gesetzesprojeten a PropositiounenChamber-Marathon an nëmme 7 Sëtzungen

Roy Grotz
Ëmmer nees war d'Chamberwoch virun der Chrëschtvakanz déck chargéiert: dëst Joer, wou näischt sou ass wéi soss, ass d'Charge fir d'Deputéiert exzeptionell.

Net manner wéi 35 Gesetzesprojeten a Propositioune mussen a 7 Sëtzungen am Cercle diskutéiert an ofgestëmmt ginn.

Wéinst dem Vott vun der Verlängerung an dem Präziséiere vun de Covid-Restriktioune bis de 15. Januar gouf eng Sëtzung en Dënschdeg de Moie bäigesat, wou de Rapporter Mars Di Bartolomeo da säi 5. Rapport zum Sujet presentéiert.

En Dënschdeg am Nomëtteg ass et dann um Discours vum grénge Budgetsrapporter François Benoy, éier de Finanzminister Gramegna e Mëttwoch de Moie weider Erklärungen zum Staatsbudget gëtt. D'Debatte sinn op 2 Deeg ugesat.

Fir iwwer déi weider Covid-Hëllefen an Derogatiounen zum Aarbechtsrecht ze debattéieren, sinn zwou weider Sëtzungen ugesat, sou datt d'Deputéiert nach um 19. Dezember, samschdegmoies musse beieneekommen, fir hiren Ordre du Jour evakuéiert ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO