Projet vun 300 Milliounen EuroChamber gëtt Feu-Vert fir GovSat 2

RTL Lëtzebuerg
300 Milliounen Euro soll de Projet GovSat 2 kaschten.
Archivbild vum Gov Sat 1
© Archiv

Mat 57 Jo-Stëmmen huet d’Chamber e Mëttwoch de Mëtteg de Feu-Vert gi fir de GovSat 2. Lëtzebuerg géif domat säi Bäitrag an der Defense leeschten, mat engem Projet, deen och der Lëtzebuerger Wirtschaft ze gutt kënnt. Dat huet d’Direction de la Defense an engem Communiqué matgedeelt.

De Satellit soll, viraussiichtlech 2029, vun der franséischer Firma Thales Alenia Space gebaut a mat enger europäescher Ariane-Rakéit an den Orbit geschoss ginn.

Dës Tâche hat jo beim GovSat 1 déi amerikanesch Firma Space X iwwerholl. Dës Kéier wéilt een awer op europäesch Acteure setzen, esou d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes vun der DP.

300 Milliounen Euro si fir de GovSat 2 virgesinn, d’Gesetz autoriséiert souguer ee Gesamt-Budget vu 500 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO