Responsabel fir den nationale StockCGDIS verdeelt 27 Millioune Masken un d'Gemengen

RTL Lëtzebuerg
De 4. Mee hat d'Regierung jo annoncéiert, datt all Bierger iwwer 16 Joer nach eemol 50 Masken zur Verfügung gestallt kritt.

De CGDIS ass fir den nationale Stock responsabel, deemno och fir d'Verdeelung vun de 27 Millioune Masken un déi 102 Gemengen am Land.

10 Ween vum CGDIS a 40 Pompjeeën, dorënner Volontairen a Professioneller, waren am Asaz, fir d'Masken ze verdeelen.

De CGDIS steet de Gemengen dann och an enger zweeter Phas zur Verfügung, fir d'Masken un d'Bevëlkerung ze verdeelen.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO