D'Samus-Doktere wieren net mat agebonne ginn an d'Analys vum 4. Samu, deen dës Woch virgestallt gouf.
Den Norden an Oste vum Land wier an der Analys net sou consideréiert ginn, wéi dat do fir d'Stad de Fall wier.
Dernieft wier et besser, datt wéi bei den aneren 3 Samue mam Spidol zesummegeschafft gëtt an net "aus dem Spidol eraus" an enger externer Kasär.
De Projet misst mat allen Acteuren zesummen definéiert ginn.
Séier an effikass hëllefen, dat wier d Prioritéit fir d' Aarbecht vum CGDIS. Dacks wier et virkomm dat kee Samu disponibel wier, séier hätt een du reagéiert fir e 4. Samu an enger Testphasen anzesetzen, wéinst der demografescher Entwécklung an de ville Leit déi dagsiwwer an a ronderëm d' Stad schaffe gouf Hesper zréckbehalen.
De CGDIS géif dru schaffen de System ze optimiséieren. En nationale Plang fir d’ Organisatioun vun de Rettungsdéngschter gëtt ausgeschafft. Den Alain Becker, President vum Verwaltungsrot vum CGDIS: “Mir wëssen dat mer op ville Plazen nach Schwaachpunkten hunn, do schaffe mer intensiv drun.”
An dësem Plang soll ënnert anerem definéiert gi wou nei Kasären hikommen an och wou wei eng Moyenen agesat ginn.