HollerechCFL-Beamten ugespaut a mat Féiss gerannt

RTL Lëtzebuerg
Op der Gare zu Hollerech gouf en Dënschdeg de Moie géint 9.15 Auer en CFL-Beamte vun engem Mann ugegraff.

De Beamten huet den Onbekannten e puer Mol dorop higewisen, vu senger Trottinette erofzeklammen an ze Fouss duerch d'Gare ze trëppelen. Doropshin huet hien de Beamten ugespaut a mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen. Nodeems d'Affer op de Buedem gefall ass a sech dobäi blesséiert huet, huet den Täter hien nach e puer Mol mam Fouss gerannt, éier hie sech mat senger Trottinette duerch d'Bascht gemaach huet.

Hiweiser si fir d'Police Lëtzebuerg ënnert der Nummer 244 404 500.

Back to Top
CIM LOGO