Gudden EchangeCercle des ONG huet Chamberkommissioun hir Revendicatioune presentéiert

Claudia Kollwelter
D'nächst Woch ass an der Chamber eng Debatt iwwert d'Kooperatiounspolitik.
© RTL Archivbild

Virun der Debatt an der Chamber iwwert d'Kooperatiounspolitik huet déi zoustänneg Kommissioun e Méindeg traditionell mam Cercle de cooperation des ONG gekuckt, wou een drun ass, wou nach nogebessert ka ginn a wat hir Revendicatioune sinn. D'Erausfuerderunge sinn zum Deel déi nämmlecht wéi an de Jore virdrun, mee d'Situatiounen ginn ëmmer méi komplex.

Chamber iwwer ONGen / Reportage Claudia Kollwelter

D'Problemer hätten an hirer Komplexitéit zougeholl an d'Missiounen um Terrain géifen ëmmer méi schwiereg ginn, betount d'LSAP-Deputéiert Lydia Mutsch. Dofir misst een ëmmer erëm nobesseren:

Bei der Kontroll, bei der Transparenz, bei de Finanzfluxen, der Zesummenaarbecht mat der Zivilgesellschaft. Ëmmer eis nei positionéieren an eis Reegelen iwwerdenken an och bei der Evaluatioun, déi vu neutraler Säit muss kommen, ëmmer op déi lauschteren, déi eis Recommandatioune ginn, wéi mer eis ëmmer nees besser kënnen opstellen.

Dofir wier den Echange mam Cercle och sou wichteg, huet d'Lydia Mutsch nach ënnerstrach. Wichteg an der Entrevue wier och d'Thema Covid gewiescht, huet déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain erkläert. An do ënnert anerem d'Fro wéi een Impakt d'Pandemie op d'Aarbecht vun den ONGen huet:

Wat huet dat fir en Impakt op d'Projeten an ob de Finanzement. An do krute mer gesot, datt eis ONGe ganz flexibel sinn an an där Flexibilitéit vum Ministère ënnerstëtzt ginn an och hir Budgete konnten aneschters affektéieren.

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk erkläert, datt duerch e Gesetz vun 2017 d'ONGen, déi a Länner aktiv sinn, déi net méi zu prioritäre Länner zielen, defavoriséiert ginn. Hei mussen d'ONGen also vill méi Fonge sammelen, wat ganz problematesch wier:

Eigentlech ass et onfair ze soen, datt an engem Land wéi dem Niger de Staat méi Fonge bäisteiert, well et en Zilland ass, mee an engem Slum oder enger Favela een anescht behandelt gëtt.

Aner Sujete waren ënnert anerem d'Mënscherechtsverteideger, déi ëmmer méi ënner Beschoss geroden, allgemeng d'Sécherheetsproblemer fir kënnen um Terrain aktiv ze sinn oder och nach d'Wichtegkeet kleng Familljebetriber an der Landwirtschaft ze ënnerstëtzen.

Fir d'Nathalie Oberweis, déi selwer 8 Joer fir eng Entwécklungs- a Mënscherechtsorganisatioun geschafft huet, ass d'Fro vun de Mënscherechter als Approche zur Entwécklungsproblematik immens wichteg:

Se soe se wieren zwar ganz frou, datt et eng Strategie fir de Klima an Gender gëtt, mee d'annoncéiert Strategie fir d'Mënscherechter ass nach net um Pabeier. Si an ech bedaueren dat, well ee ganz vill Konkretes a puncto Mënscherechter ka maachen. Ech hoffen, datt d'Regierung dat an den nächsten 2 Joer nach op de Wee bréngt.

Back to Top
CIM LOGO