Dan KerschCDIe sollen an Zukunft d'Reegel, an CDDen d'Ausnam um Aarbechtsmaart bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Fir vill Leit, déi eng nei Aarbecht kréien, bleift e CDD, also en zäitlech limitéierten Aarbechtskontrakt, hei am Land d’Realitéit.
© RTL-Archiv

„D'Regierung ass wéi den Deputéierten der Meenung, dass CDIen d'Regel a CDDen d'Ausnam um Aarbechtsmaart solle bleiwen. Déi aktuell gesetzlech Dispositioune gesinn dowéinst vir, dass CDDen nëmmen a limitéierte Fall kënnen ofgeschloss ginn“: Dat schreift den Aarbechtsminister Dan Kersch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Spautz.

Den CSV-Deputéierte wollt vum Minister ënner anerem wëssen, wéi vill Aarbechtskontrakter op bestëmmten Zäit an de leschten zwee Joer ofgeschloss goufen.

Aarbechtskontrakter / De Reportage vum Eric Ewald

71.880 waren dat der, vun am Ganzen 256.230 Recrutementer tëscht Januar 2017 a Januar 2019, äntwert de Minister heirop. Vun 2015 bis 2018 sinn déi meescht Contrats à durée déterminée iwwer en Zäitraum vun tëscht zwee a 6 Méint gelaf (z.B. 52% virzejoert); déi vun engem oder méi wéi engem Joer sinn iwwerdeems ëmmer méi erofgaangen, vu 15% am Joer 2015 op 5% am Joer 2018. D'Gewerbeinspektioun géif déi néideg Kontrolle maachen, wa Verdachtsfäll bestinn, dass Dispositioune vum Code du travail net respektéiert ginn, heescht et op d'Fro hi vum Deputéierten, ob Betriber, déi systematesch op CDDen zréckgräifen, vun der ITM kontrolléiert ginn, fir ze kucken, ob dat keng definitiv Aarbechtsplaz misst sinn.

Egal wéi: Vun 2009 bis 2019 huet de Prozentsaz vu CDDe par rapport zu CDIe mat enger Ausnam permanent zougeluecht, vun 3,7% 2009 op 5,6% 2019.

De Marc Spautz hat soss nach gefrot, wat d'Regierung plangt, fir dass et manner CDDen a méi CDIe gëtt. Dem Dan Kersch no wäre fest Aarbechtskontrakter eng Grondviraussetzung, fir an eiser Gesellschaft Fouss faassen ze kënnen. D'Regierung wäert dofir "keng Mesuren huelen, déi CDDen zu engem Normalfall gi loossen". Kontrakter op bestëmmten Zäit sollten drop limitéiert bleiwen, Leit a vum Gesetz festgehalenen Ausnamefäll en 1. Kontakt mam Aarbechtsmaart z'erméiglechen a Betriber an Noutsituatiounen entgéint ze kommen.

D'Opstocke vum ITM-Personal géif mat sech bréngen, dass méi a besser Kontrolle kéinte gemaach ginn, fir dass Betriber, déi sech un d'Reegelen halen, net par Rapport zu Betriber benodeelegt ginn, déi dat net ëmmer maachen. D'Gesetz vu Juli 2017 géint de Laangzäitchômage sollt de staatlechen a parastaatleche Secteur iwwerdeems dozou motivéieren, fir Laangzäitchômeure mat engem CDI anzestellen.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Marc Spautz

Back to Top
CIM LOGO