Invité vun der Redaktioun (18. Juni): Carole Muller"D'Tankstell ass haut d'Epicerie vum Duerf"

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie war dat neit Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten am Commerce Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Carole Muller
En Donneschdeg de Moie war dat neit Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten am Commerce Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Ech mengen net, datt de Commerce vu muer (19.6.2026) un déi nei Auerzäite wäert benotzen", dat sot d'Carole Muller en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass d'Cheffin vun de Fischer-Bäckereien an och d'Presidentin vun der "Luxembourg Confederation" an ass e Mëttwoch och an där Positioun zeréckgewielt ginn.

Vun e Freideg u gëllt d'Gesetz iwwer déi nei Ouvertureszäiten, dat viru 6 Méint an der Chamber gestëmmt gouf. D'Geschäfter däerfen dann - ouni Conditiounen - an der Woch vu moies 5:00 Auer bis owes 9:00 Auer op hunn, de Weekend a Feierdeeg bis owes 19:00 Auer. Mat Derogatioune gëllt fir verschidde Branchen och 1:00 Auer, respektiv ronderëm d'Auer.
Dat wäert sech elo lues a lues entwéckelen, mengt d'Carole Muller. Moies wäert warscheinlech kee Kleederbuttek méi fréi opmaachen. Et géif ee sech no de Besoine vun de Clientë riichten.
 
D'Tankstellen, fir déi ass dat neit Gesetz keen Avantage. Fir si gëllen déi nei Ëffnungszäiten och, ausser si hunn e Kollektivvertrag oder gehéieren zu den Ausnamen. An de leschte Méint gouf och dervu profitéiert, Kollektivverträg auszehandelen, fir datt d'Tankstell de Weekend zum Beispill méi laang däerf ophu wéi owes 19:00 Auer. "D'Tankstell ass haut d'Epicerie vum Duerf, fir owes spéit nach eppes anzekafen", sot d'Carole Muller. 35 Tankstellen op Autobunnen oder Nationalstroossen däerfen automatesch méi laang ophunn.

"D'Tankstell ass haut d'Epicerie vum Duerf"
Vun e Freideg u gëllt d'Gesetz iwwer déi nei Ouvertureszäiten, dat viru 6 Méint an der Chamber gestëmmt gouf. D'Tankstelle profitéieren net dovunner.

Dat neit Gesetz reegelt och de Sonndeg méi kloer. Do kann e Geschäft elo opmaachen ouni eng Derogatioun. Dës administrativ Vereinfachung wär wichteg. De Sonndeg wär op ville Plazen e ganz wichtegen Dag, mä net iwwerall.
 
Wat den Tripartite-Accord ugeet, deen d'Carole Muller och mat ausgehandelt huet, wier dee positiv fir d'Inflatioun ze bremsen. Et wier positiv fir d'Betriber, awer och fir d'Leit, deenen hir Kafkraaft besser erhale bleift. Et wär och gutt, datt een nees zu 3 un engem Dësch souz, fir an enger positiver Aarbechtsstëmmung mateneen ze schwätzen.
 
Lo soll jo och nees am CPTE diskutéiert ginn, dem permanente Comité, wou iwwer d'Aarbechtstheme verhandelt gëtt. D'Aarbechtszäitorganisatioun wier do en extrem wichtegen Dossier. Dat wären nämlech Gesetzer, déi zimmlech al sinn. An et kéint een Demandë vun de Salariéen net nokommen, well dat net erlaabt wier. Zesumme misst een do nei Reegele verhandelen.

En Donneschdeg de Moien war dat neit Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten am Commerce Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO