Invité vun der Redaktioun (23. Januar) - Carlo ThelenEt gëtt nach ëmmer vill Potential mat Amerika

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moien war ënnert anerem den Handelskrich tëscht der EU an den USA Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Carlo Thelen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Invité vun der Redaktioun: Carlo Thelen

2025 wier virun allem ganz vill am soziale Beräich geschitt. An dëst Joer wier et definitiv un de Betriber, datt déi rëm “op Vordermann kommen”, dat sot den Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen als eisen Invité vun der Redaktioun.

An de leschten zwanzeg Joer hätten d’Betriber europawäit, an der Moyenne gekuckt, hir Produktivitéit ëm 20% verbessert. Zu Lëtzebuerg dogéint wier se ëm 2,9% erofgaangen. Dat géif direkt op d’Rentabilitéit drécken.

“Eng Cotisatiounshausse bei der CNS kënne mer eis einfach net erlaben”

No de Pensiounen, stéing mat der Krankekeess eng weider Reform un, sou de Carlo Thelen. Am Budget vun der CNS misst onbedéngt gespuert ginn, fir datt de Budget d’nächst Joer net ënnert déi virgeschriwwe legal Reserv fält an doduerch Cotisatiounshaussen automatesch declenchéiert géifen. Sou eng zousätzlech Hausse kéinte mer “eis einfach net erlaben”, sou eisen Invité de Moien. Well et wier Gëft fir d’Kompetitivitéit. A sollt kee Wee derlaanscht féieren, erwaart sech d’Chambre de Commerce op alle Fall Kompensatiounen.
De Carlo Thelen huet de Moien derfir plädéiert, de Staat misst fir d’Krankekeess nach méi Suen an de Grapp huelen . Op der leschter Quadripartite am Hierscht hat d’Regierung sech schonn engagéiert de Budget vun der CNS an de Joren 2026-2030 mat enger Dotatioun vun 59 Milliounen Euro ze speisen.

2026 muss eng “Reformfäegkeet” zréck kommen zu Lëtzebuerg

De Carlo Thelen hëlt gär de Premier Luc Frieden beim Wuert, dee rezent op engem Neijoerschpatt annoncéiert hat, 2026 géif d’"Joer vun der Kompetitivitéit”. Grad elo an enger komplexer a geféierlecher internationaler Situatioun, misst eng oppen a kleng Economie wéi Lëtzebuerg, wiere Reformen absolut néideg fir eise Wirtschaftsmodell ze stäerken. Soss kéint och iergent wann eise Sozialmodell net méi finanzéiert ginn, huet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce erkläert.

“De Mindestloun zu Lëtzebuerg ass héich”

De Carlo Thelen bleift derbäi. D’Betriber kéinte sech aktuell keng Hausse vum Mindestloun leeschten. An iwwerhaapt stéing Lëtzebuerg par Rapport zu der europäescher Mindestloundirektiv guer net sou schlecht do. De Mindestloun zu Lëtzebuerg wier héich a géif Uganks des Joers jo och reegelméisseg eropgoen. Mä eng Hausse wier just dran wann d’Produktivitéit vun de Betriber et hir gëtt. Dat wier aktuell awer net de Fall. Et mécht ee keng Sozialpolitik mam Mindestloun, sou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. Duerfir géif et awer Instrumenter.

Net all Brécken zu den USA ofbauen

Obwuel de Multilateralismus aktuell a Fro gestallt gëtt, hält d’Chambre de Commerce u gudden Handelsrelatiounen mat den USA fest a reest och am Abrëll fir eng nei Missioun an d’USA. De Kontakt zu den Amerikaner dierft een net ofbriechen, do géif et nach ëmmer vill Potential, betount de Carlo Thelen an hofft an engems, datt d’Amerikaner selwer sech géint déi aktuell Politik erhiewen. Si géifen nämlech am allermeeschten ënnert den neien Tariffer leiden.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO