
Den Infrastrukturminister François Bausch huet den entspriechende Gesetzesprojet an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.
Dat neit Gebai vum Lycée kënnt op Ierpeldeng-Sauer, eng 800 Meter wäit ewech vum Duerf selwer. Aktuell ass de Lycée verdeelt op e puer Gebaier zu Angelduerf an zu Dikrech.
An deem neie Gebai solle knapp 1.200 Schüler Vollzäit an eng 540 Schüler, an der Beruffsausbildung Plaz hunn. Geplangt si 47 Klassesäll, 13 Spezialsäll, 5 Laboen, a 24 Atelieren.
De Budget fir dat Ganzt läit bei gutt 153 Milliounen Euro. Bis dohi soll e provisorescht Gebai fir ronn 450 Schüler an der Géigend vum zukünftege Site fir Entlaaschtung an deenen anere Gebaier suergen.