Police-BulletinBrutal Iwwerfäll a Rebellioun géint Beamten

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf et direkt zwee brutal Iwwerfäll zu Rodange an der Rue Joseph Moscardo an an der Rue Maribor.

Bei den Iwwerfäll goufen am ganze 6 Männer vun dräi maskéierten Täter brutal attackéiert a beklaut. D'Police konnt e verdächtegen Auto op der A13 stoppen. Am Auto waren nieft de geklaute Saachen ënnert anerem och e sougenannte "Schlagring" an zwou Cagoullen. Déi zwee Männer a presuméiert Täter goufe festgeholl. Si haten e Mëttwoch de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Nom drëtte Mann deen un der Dot bedeelegt war gëtt nach gesicht. Den Auto gouf iwwerdeems confisquéiert.

Kuerz virun 1 Auer en Donneschdeg de Moien ass an der Rue de Beggen an der Stad eng Automobilistin duerch hire Fuerstil opgefall. D'Fra gouf kontrolléiert an den Alkoholtest war positiv. Wéi d'Fra du sollt op de Policebüro bruecht ginn, huet dës mat de Fäischt op e Polizist ageschloen an huet missen immobiliséiert ginn. D'Fra krut e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO