Ronderëm d’Abtei Neimënster gouf nämlech e Beneficelaf zugonschte vun der Associatioun Europa Donna organiséiert, déi de Fraen, déi Broschtkriibs hunn, hëlleft. Ronn 2.000 Leit waren bei deem Charitylaf dobäi.
Am Virdergrond vun där Laf-Aktioun stoung net de Leeschtungsgedanken, ma d’Hëllef fir Fraen, déi Broschtkriibs hunn. Donieft wollt een d’Populatioun nach besser iwwert d’Krankheet sensibiliséieren. Organiséiert gouf de Laf vun Europa Donna. D’Zil vun der Associatioun ass et, virun allem déi concernéiert Leit wärend der Diagnose an dem Traitement nach besser ze begleeden.
D’Associatioun Europa Donna bitt de betraffene Fraen ënnert anerem Relaxatiounscoursen un. Bei de Fraen tëscht 50 an 69 Joer ass Broschtkriibs déi heefegst Doudesursaach hei am Land. Zu Lëtzebuerg stierwen all Joers tëscht 70 an 90 Fraen un där Kriibszort. Zënter 25 Joer gëtt et de Mammographie-Programm vum Gesondheetsministère. Duerch eng fréi Diagnose kënnen deemno d’Iwwerliewenschance vu Broschtkriibspatientinen däitlech erhéicht ginn.
Wat de Broschtkriibs hei am Land ugeet, ginn méi cibléiert Traitementer gemaach ginn. Dat Ganzt géif an déi gutt Richtung goen, esou d’Associatioun Europa Donna. D’Streck war iwwregens een Circuit vun 4 Kilometer. De Broschtkriibslaf hat ewell an der Vergaangenheet eng grouss Resonanz verzeechent.