
Esou ass et am aktuelle Rapport vum Staatslabo ze liesen.
An der Kalennerwoch 4 huet een 159 Genomer analyséiert, dat si knapp 16 Prozent vun allen Infektiounen. Déi brittesch Variant B.1.1.7 wier a 38% nogewise ginn, a 5,6% vun de Fäll gouf déi südafrikanesch Variant nogewisen.
De Staatslabo ënnersträicht, datt ee keng direkt Réckschlëss op déi allgemeng Zirkulatioun vun de Varianten an der Populatioun schléisse kéint, dat well 27 Prozent vun den Analyse geziilte Sequenzéierunge waren, wou d'Inspection Sanitaire e Verdachtsfall hat.

Den Ament zirkuléieren 18 verschidde Varianten zu Lëtzebuerg. Aus dem aktuelle Revilux-Rapport vum Staatslabo geet och ervir, datt an der Kalennerwoch 5 kee Grippefall zu Lëtzebuerg nogewise gouf. Dëst ass duerch déi aktuell sanitär Mesuren ze erklären.
Nei Method, fir representativ Daten z'erhiewen
Zesumme mat der Inspection Sanitaire géif een dofir un enger Method schaffen, fir representativ Donnéeë fir d'Gesamtpopulatioun z'erhiewen. All Woch wéilt een 300 Sars-CoV-2-Prouwen no Alter a Regioun sequenzéieren, fir genee erauszefannen, wou wéi eng Varianten zirkuléieren. Zil wier et, esou bis Enn Februar ee méi geneeën Iwwerbléck iwwert d'Situatioun ze hunn.