E wollt Alkohol klauenBrigang a Buttek zu Ettelbréck op frëscher Dot gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, ass de Sécherheetsleit vun engem Buttek zu Ettelbréck op der Place Marie-Adelaïde ee Mann negativ opgefall.
© RTL Archivbild

De Mann hat e Samschdeg de Mëtteg probéiert e puer Fläschen Alkohol laanscht d'Kees ze schmuggelen. D'Sécherheetsleit hunn hie gestallt an d'Police geruff.

Den Onéierlechen hat scho kuerz virdrun eng Fläsch Alkohol op enger Bensinsstatioun zu Dikrech matgoe gelooss.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO