No Etüd wier kloer"Brauchen nationale Plang, fir Gesondheetsberuffer méi attraktiv ze maachen"

Claudia Kollwelter
Mariette Zenners
"Mir musse reagéieren, fir datt mer an Zukunft kee Problem an der Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg kréien", sou den Etienne Schneider.
© Luc Rollmann / RTL Télé Lëtzebuerg

"Haut ass et nach keng Katastroph, mee mir spieren, datt et awer scho Problemer ginn an et muss séier agéiert ginn!"

Dat sot de Gesondheetsminister Etienne Schneider en Dënschdeg bei der Presentatioun vun enger Etüd iwwer d'Gesondheetsberuffer. Eng Etüd, déi am Dezember zejoert an Optrag gi gouf a bei där 647 Leit matgemaach hunn. Et ass eng Bestandsopnam, déi weist, datt an Zukunft esou Munches am Secteur geschéie muss.

Etüd Gesondheetsberuffer / Reportage Claudia Kollwelter

An dat virun allem, well eis Gesellschaft weider wiisst an ëmmer méi al gëtt - de Besoin no Soinen also och weider klëmmt - an deem muss ee gerecht ginn. An och wann et de Moment nach kee Manktem u Gesondheetspersonal gëtt, ginn et dem Gesondheetsminister Etienne Schneider no eng Partie Unzeechen, datt et Problemer ginn:

"Dokteren, déi keng weider Patiente méi ophuelen, Dokteren, déi keng Visite-à-domicille méi maachen, Rendez-vousen, déi Méint brauche bis ee se kritt, an dat net nëmmen bei den IRMen ..."

Aktuell schaffe ronn 17.600 Leit zu Lëtzebuerg am Gesondheetssecteur - dovunner ronn 2.300 Dokteren. D'Altersmoyenne bei den Dokteren läit bei 53 Joer. Et falen der deemno vill an den nächste Jore fort, mee fir Jonker ze rekrutéieren, feelt et Lëtzebuerg nach un Attraktivitéit. Den Etienne Schneider erkläert:

"Well mer ënner anerem kee Centre Hospitalier Universitaire hei hunn, dee speziell fir jonk Dokteren en wichtegen Unzéiungspunkt ass, fir an e Land schaffen ze goen. Mir hu keng komplett medezinesch Fakultéit hei zu Lëtzebuerg. Eis Nomenclature bei den Acte-medicallen ass reformbedierfteg, well och do muss een eng Partie Saache reequilibréieren, fir dofir ze suergen, datt mer all déi Dokteschberuffer weider kënne besetzen, déi mer brauchen."

An och de Logementsproblem géing de Site Lëtzebuerg am Gesondheetsberäich net wierklech attraktiv maachen. Der Marie-Lise Lair, Auteur vun der Etüd, ass virun allem opgefall, datt et keng schrëftlech national Visioun gëtt, doriwwer wéi de Secteur an den nächste 15 Joer soll reorganiséiert ginn:

"Pourquoi c'est important? Parce que normalement à partir de ça on devrait pouvoir savoir de quelles professions on va avoir besoin, combien on en aura besoin en fonction de la manière dont on va organiser les soins."

En nationale Plang soll elo op d'Bee gesat gi mat all den Acteuren aus dem Secteur. Sujet wäert d'Etüd och um Gesondheetsdësch sinn, deen nach dëst Joer zesumme komme soll.

"Mir mussen haut reagéieren, fir datt mer an Zukunft kee Problem an der Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg kréien". Déi Konklusioun huet de Gesondheetsminister Etienne Schneider aus der besoter Etüd gezunn.

Back to Top
CIM LOGO