Zeienopruff opgehuewenBrand bei der Schoul zu Lenneng ass wuel opgekläert

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 23h30 huet eng Dreckskëscht virun der Lennenger Grondschoul gebrannt, wat grousse Schued un der Fassad an der Entréesdier verursaacht huet.
© Domingos Oliveira/RTL

D'Police konnt Brandstëftung net ausschléissen an hat dofir d'Leit opgeruff sech ze mellen, falls se eventuell eppes gesinn hunn.

Et huet sech dann och eng Persoun bei der Police gemellt, déi eventuell den Ausléiser vum Brand kéint sinn. Si huet uginn eng brennend Zigarett an eng Poubelle geheit ze hunn.

© Domingos Oliveira/RTL

Back to Top
CIM LOGO