90 Pompjeeën am AsazBrand an enger Scheier zu Pëtten bei Miersch

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend kuerz no 19 Auer hunn zu Pëtten bei Miersch Botten an enger Scheier gebrannt.
Brand a Scheier zu Pëtten
E Mëttwoch den Owend koum et zu engem Brand an enger Scheier vun engem Bauerenhaff zu Pëtten bei Miersch.

D'Lächaarbechten hu bis an d'Nuecht era gedauert. 200 Botte stoungen a Flamen. Wéi de Pompjee Tom Barnig eis géintiwwer erkläert huet, wier keen Déier a Gefor gewiescht, ma 1 Persoun koum liicht blesséiert an d'Spidol.

Ëm 90 Pompjeeën aus 8 verschidde Gemenge goufe fir dëse gréisseren Asaz op d'Plaz geruff.

Um Belval ass e Mëttwoch den Owend kuerz no 23 Auer e Cyclist ugestouss a blesséiert ginn. Hei war ënnert anerem den Escher Samus-Noutdokter gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO