MaterialschuedBrand am Stater Atelier um Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg den Owend koum et aus net gekläerter Ursaach zu engem Feier am Atelier an der Stad.
Brand am Atelier
E Méindeg den Owend gouf et e Feier an der Hollerecher Strooss an der Stad.

Et blouf beim Materialschued. Et ass kengem eppes geschitt.

An engem Post op de soziale Medien huet d'Ekipp vum Stater Concertssall d'Noriicht an de Kontext vun engem scho schwierege Joer 2020 gesat an de Leit vun der Police an dem CGDIS fir hir Aarbecht Merci gesot.

E weidere Brand mellt de CGDIS e Méindeg den Owend kuerz virun 21 Auer an der Stad um Boulevard Franklin D. Roosevelt. Och hei gouf keng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO