
D'Gewerkschaft OGBL begréisst d'Intentioun vum neie Proprietär, fir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg wëllen ze erhalen, weist sech awer zur gläicher Zäit skeptesch a verlaangt Garantië fir de Standuert Käerjeng, notamment kloer Perspektive fir d'Mataarbechter.
D'Gewerkschaft freet an deem Kontext och d'urgence eng Reunioun beim Wirtschaftsminister Franz Fayot un.
Den onofhängege Gewerkschaftsbond bedauert allzäit d'Evolutioun aus de leschten 10 Joer, mat ënner anerem 4 Sozialpläng. D'Zuel vun de Mataarbechter wier zënter 2008 méi wéi hallwéiert ginn. Vill Aktivitéite wiere vum Lëtzebuerger Site op aner Plazen delokaliséiert ginn.
Delphi ass zënter 1971 zu Käerjeng aktiv.