
Vill Asätz fir de CGDIS um Sonndeg. Dat eemol kuerz virun 11 Auer tëscht Altwis an Fëlschdref, hei waren zwee Cyclisten gefall, déi sech och wéi gedoen haten.
Um 12.50 Auer waren dann direkt 4 Autoen aneneegerannt, an zwar zu Tënten op der Kräizung Rue des Legionnaires an Rue du Chemin de Fer. Kee gouf hei blesséiert. Kuerz dono dann en Autobrand zu Manternach, woubäi et awer beim Materialschued bliwwen ass. Gläichzäiteg gouf zu Walfer an der Rue de l'Eglise en Cycliste vun engem Auto ëmgehäit a blesséiert.
3 Verwonnter da bei engem Accident um 15 Auer tëscht zwee Autoen zu Déierbech op der Kräizung tëscht der National 12 an dem CR309. Kuerz no 16 Auer haten dann zwee Ween sech op der A1 vum Potaaschbierg a Richtung Fluessweller ze paken kritt. Zwou Persoune goufen blesséiert.