Infizéierter no Mass zu FrankfurtBistum: Onwarscheinlech, datt et zu Lëtzebuerg geschitt

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg wäerten d'Precautioune ganz präzis sinn, esou, datt et sécher ass fir d'Leit, an de Gottesdéngscht ze kommen, seet de Leo Wagener.

D'Zuel vun den Corona-Infizéierte ass no enger Mass zu Frankfurt am Main däitlech geklommen. Wéi de Gesondheetsminister Klose e Sonndeg annoncéiert huet, wieren den Ament 107 Fäll bekannt.

De Gottesdéngscht wier scho virun 2 Woche gewiescht. De Bistum zu Lëtzebuerg reagéiert éischter gelooss op d'Situatioun an Hessen. Et wier éischter onwarscheinlech, datt sech esou eppes zu Lëtzebuerg kéint widderhuelen, esou de Weibëschof a Generalvikar Leo Wagener.

Extrait Leo Wagener (1)

Nee, ech fäerten dat guer net. Eis Gottesdéngschter si ganz anescht strukturéiert an d'Precautiounen, déi mer huele wäerten, vill méi streng wäerte sinn. Déi wäerte ganz präzis ginn, sou datt ech kann dovun ausgoen, datt et sécher ass, fir deen, deen de Gottesdéngscht leet, ewéi och fir déi, déi an de Gottesdéngscht kommen.“

Eng ganz Rei Mesurë sollen en Place gesat ginn. Vun Hänn desinfizéieren, Maskeflicht zu all Ament an der Kierch bis zum 2-Meter-Ofstand tëscht all Persoun, déi um Gottesdéngscht deel hëlt. Dem Bistum no dierft de Fall an Hessen net als Argument géint d'Reouverture vun de Kulten ausgenotzt ginn.

Extrait Leo Wagener (2)

Dat heiten handelt sech ëm een Eenzelfall aus Däitschland. Et ginn aner Diözesen, déi scho wärend 14 Deeg Massen halen a wou keng esou eng Virfäll gemellt goufen. An et kann een hei net, och wa verschidde Leit dat wëlle maachen, deen heite Fall notzen, fir d'Ouverture vun de Kulten nach méi no hannen ze verschiben.“

Et misst ee sech souwisou am Virfeld vun enger Mass am Sekretariat vun der Kierch umellen. Dat, fir gréisserem Chaos aus dem Wee ze goen.

Back to Top
CIM LOGO