Nodeems e Sonndeg Biomass aus der Biogasanlag vu Biekerech ausgelaf ass, bleift ze klären, wéi vill Piff genee ausgelaf ass a wéi grouss de Schued op d’Natur ass. De Buergermeeschter vu Biekerech Thierry Lagoda schwätzt vun enger "relativ grousser Quantitéit", déi vun der Anlag den Hang erof an d’Millebaach gelaf ass. Déi Baach fléisst bësse méi wäit an d’Näerdenerbaach, déi hirersäits méi wäit an d’Pall fléisst. D’Pall fléisst dann eng annerhallwe Kilometer méi wäit an d’Atert.
Éischten Erkenntnisser vum Waasserwirtschaftsamt no gouf an der Näerdenerbaach kloer Piff nogewisen an e bëssen och an der Pall. Op engem éischte Bléck ass den Incident awer net esou schlëmm, ewéi zum Beispill d’Pollutioun vun der Atert nom Virfall an der Belsch am Mäerz. Fir ze wëssen, wéi grouss den Ausmooss vum Incident, respektiv d’Ursaache sinn, maachen d’Waasserwirtschaftsamt an d’Ëmweltverwaltung elo Analysen.
D’Millebaach respektiv d’Näerdenerbaach goufen zwee Mol renaturéiert, sou datt d’Biomass zu engem groussen Deel kéint an zwee Dëmpelen hänke bliwwe sinn. D’Pompjeeën a Gemengenaarbechter hunn nom Incident ënnert anerem Sauerstoff an d’Baach gepompelt, fir d’Liewen do z’erhalen. Donieft hu se de Piff op d’Säit vun de Wise gedréckt. Se hunn dofir gesuergt, datt net nach méi Piff erofleeft a se hu hëlze Spéin laanscht d’Stroossen a Weeër bei der Anlag gestreet, fir de Piff opzesaugen.
RTL-Informatiounen no ass e Sonndeg de Moie fréi ee vun de Behälter iwwergelaf. Vun dohier wier d’Quantitéit, déi ausgelaf ass, net esou grouss, ewéi wann zum Beispill e Behälter eng Fuite kritt hätt oder e Rouer geplatzt wier. Déi Responsabel vun der Cooperative soten iwwerdeems, se wéilten den Incident net verharmlosen. Si waarden awer gär d’Konklusiounen vum Waasserwirtschaftsamt a vun der Ëmweltverwaltung of, iert se eng offiziell Stellungnam ginn.