CMCMBilan fir 2019 fält positiv aus

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien huet d'CMCM op eng Pressekonferenz invitéiert, fir iwwert d'Joer 2019 ze kucken.
VIDEO: CMCM Bilan 2019 / Rep. Julie Dupont (11.12.19)
En Dënschdeg de Moien huet d'CMCM op eng Pressekonferenz invitéiert, fir iwwert d'Joer 2019 ze kucken.

Nieft dem Bilan vun dësem Joer goufen awer och d'Neierunge fir 2020 virgestallt. De Bilan fir 2019 ass duerchaus positiv ausgefall, virun allem, wat d'Zuel vun neie Memberen ugeet. Dëst huet dann och Auswierkungen op d'Joer 2020.

Duerch d'Cotisatioune vun de Membere konnte fir nächst Joer eng ganz Rei nei Prestatioune geschaaft ginn. Dës betreffen esouwuel de „Régime commun", wéi och déi zwee aner Regimme „Presta Plus" oder „Denta & Optiplus".

Donieft ass och de Plang fir d'Digitaliséierung vun der CMCM presentéiert ginn, déi am Laf vun deenen nächsten 2 Joer soll ëmgesat ginn. Méi Informatiounen an Detailer fannt Dir hei am Videoreportage.

RTL NEWS: Prestatioune bei der CMCM gi bis 2021 nei gestaffelt

PDF: Communiqué vun der CMCM (13.12.19)

Back to Top
CIM LOGO