Spezialfong-LogementBesser Visibilitéit iwwer vum Ministère subventionéiert Projeten

Claudia Kollwelter
Wou sinn d’Projeten drun, déi de Logementsministère subventionéiert? Iwwert déi Fro soll an Zukunft de sougenannten «Spezialfong» Äntwerte liwweren.
© RTL (Archiv)

"Zil vum Spezialfong ass et, eng besser Visibilitéit ze kréien iwwert d'Projeten, déi iwwert de Logementsministère subventionéiert ginn", dat sot den zoustännege Minister Henri Kox no der Logementskommissioun an der Chamber, wou et ëm de Gesetzestext vun deem sougenannte Spezialfong goung.

E wichtegt Element wier e Rapport, deen eemol d'Joer der Chamber presentéiert wäert ginn, iwwert all d'Konventiounen, déi gemaach goufen a wou d'Deputéiert en Iwwerbléck kréien, wou déi verschidde Projeten dru sinn. Et bräicht een Transparenz a sämtleche Projeten, huet de Minister en Donneschdeg ënnerstrach:

Extrait Henri Kox

De Fong kritt "illimitéiert" Kreditter, fir méiglechst vill Terraine kënnen ze mobiliséieren a gëtt dem Staat méi Flexibilitéit. Bis ewell gouf et am Staatsbudget schonn zum Deel illimitéiert Kreditter fir grouss Wunnprojeten, mä déi sollen an Zukunft an deem Spezialfong regroupéiert ginn. No an no géifen all déi néideg Gesetzer iwwerschafft ginn, fir datt een all d'Acteuren an d'Boot kritt, fir abordabele Wunnengsraum ze schafen, huet de Logementsminister nach betount. D'Gesetz soll den 1. Abrëll a Kraaft trieden.

Méi Flexibilitéit a méi Transparenz - dat sinn d'Ziler vum "Spezialfong" fir de Logement, iwwert deen et gëscht an der zoustänneger Chamberkommissioun weider Informatioune vum Minister Henri Kox goufen. E Fong deen 21 Artikelen aus dem Budget regroupéiert.

Spezialfong - Reportage Claudia Kollwelter

An dat erméiglecht et méi Flexibilitéit ze hunn par Rapport zu de Projeten déi net iwwert d'Budgetsjoer eraus kënnen ofgerechent ginn. Ee mol d'Joer gëtt dann an der Chamber e Rapport presentéiert iwwert all d'Konventiounen déi nei mat soziale Promoteure gemaach goufen. An engems gëtt gekuckt wou verschidde Projeten dru sinn.
De Logementsminister Henri Kox nennt d'Beispill vum Projet "Elmen" deen iwwer 10-15 Joer wäert goen, mee wou all Joer e Bilan gemaach gëtt: "An da kënne mer a kompletter Transparenz vis-à-vis vun der Chamber untrieden a soen: Hei Elmen huet haut, wou ursprénglech gesot gouf et kascht 100 Milliounen, se hunn der lo 10 Millioune kritt an déi nächst 90 ginn iwwert déi nächst 10 Joer ausbezuelt."

An deem Bilan misst da gekuckt ginn, wisou een zum Beispill bei verschiddene Projeten net sou weider komm ass wéi virgesinn oder wou méi Efforte gemaach musse ginn.
D'Suen déi an de Fong fléissen, stinn haut schonn am Budget dran a sinn deels illimitéiert. Fir d'Budgetsjoer 20-21 gëtt et eng Dotatioun: "De Fong gëtt dotéiert mat engem gewëssene Chiffer, deen da baséiert op eis Demande hin vis-à-vis vum Finanzministère: Hei déi Projete sinn nach ënnerwee, do brauche mer nach sou vill Fongen."

Vue datt de Logement eng Prioritéit vun der Regierung wier, zweiwelt den Henri Kox net drun datt een an den nächste Joren iwwert déi 136 Milliounen déi dëst Joer regroupéiert goufen, eraus geet. Mat dësem Text hätt een eng gesetzlech Basis fir sämtlech Aktivitéiten am Beräich vum Logement - also ënnert anerem Acquisitiounen, Honorairen, Konstruktiounen a Renovatiounen. Parallel zum Spezialfong, deen den 1. Abrëll a Kraaft trëtt, gëtt och un den aner néidege Gesetzer geschafft,  fir datt een all d'Acteuren an e Boot kritt fir abordabel Wunnengen ze schafen, betount nach de Logementsminister.

Back to Top
CIM LOGO