Bei der Stëmm vun der Strooss ginn d'Aktivitéite lues a lues nees eropgefuer. D'Associatioun, déi mat Mënschen op der Strooss an an anere prekäre Situatioune schafft, hat déi lescht zwee Méint nëmmen nach Iesse verdeelt, déi aner Servicer konnten net assuréiert ginn. Elo kënnen d'Leit a Beschäftegungsinitiativen och nees schaffe kommen.
"Dat war fir mech eng Erliichterung, fir erëm schaffen ze kommen, well doheem hänken, dat ass net dat", sou den Änder.
D'Saskia schafft zanter véier Joer bei der Stëmm vun der Strooss, si gehéiert zur Kichenekipp. U vill Hygiènesmesurë wier een an der Kiche sou wéi sou scho gewinnt gewiescht, elo géife sech och dräi Ekippen am Woche-Rhythmus ofwiesselen. D'Iesse gëtt fir den Ament mol nach virun der Dier vun der Stëmm zu Hollerech verdeelt, de Restaurant bleift zou. Endlech nees schaffen. Fir d'Saskia eng grouss Erliichterung. 8 Woche Confinement ganz eleng doheem, dat war net einfach:
"Je me sens revivre. Vraiment, ça fait plaisir de revoir tout le monde. Quand on est seul, on parle avec personne, donc c'est vraiment une joie, on est vraiment de bonne humeur, on a envie de recommencer."
Manner bekannt dobaussen, ass, datt d'Organisatioun ronn 150 Leit eng Beschäftegungsmesurë bitt. Fir vill vun hinnen ass dës Aarbecht e wichtege Schrëtt, fir nees e stabelt Liewen opzebauen. Eng Stabilitéit, déi awer duerch de Confinement vun de leschte Woche riskéiert, a Gefor ze geroden.
Covid-positiv getest gouf der Direktesch hirem Wëssen no kee vun de Mataarbechter. Ma ee vun hinnen hätt lescht Woch um éischte Schaffdag e Malaise gemaach an hat misse vun der Ambulanz matgeholl ginn.
Alexandra Oxacelay, Directrice Stëmm vun der Strooss: "War dat elo eng Persoun, déi doduerch, dass se vill doheem war, nees ugefaangen huet mat drénken an doduerch destabiliséiert ginn ass? Ech sinn iwwerzeegt, datt bei deenen 150 Leit der och dobäi sinn, déi an d'Schwanke komm sinn, destabiliséiert gi sinn an déi doduerch elo net méi capabel sinn, nees zeréck schaffen ze kommen."
Déi allermeescht sinn awer e Méindeg nees ugetrueden. Allerdéngs schaffen d'Ekippen elo a klenge Gruppen, entweder eng Woch iwwer déi aner, oder, wéi hei beim Lucia, an der Kleederstuff een Dag iwwer den aneren.
Lucia Neri de Oliveira, zoustänneg fir d'Duschen, d'Buanderie an d'Kleederstuff:"Pour qu'on prenne les nouvelles habitudes à travailler ensemble et aux nouvelles règles de sécurité que tout le monde doit avoir."
Wat d'Verbreedung vum Virus bei de Clientë vun der Strooss ugeet, do wäre Leit drënner gewiescht, déi gemengt hätten, betraff ze sinn. Eng definitiv Confirmatioun krut d'Direktesch awer net.
Alexandra Oxacelay:"Et ass schwéier ze soen, well ginn déi Leit reegelméisseg getest? Gi se vu sech aus bei den Dokter? Dat sinn ech iwwerzeegt, dass se et net maachen. D'Gesondheet ass net hir Prioritéit."
Dat confirméiert eis och de Khaled Belarouci, dee reegelméisseg bei d'Stëmm iesse siche kënnt. Hien ass e Méindeg ee vun de wéinege Clienten, deen e Mask unhuet. Hien hätt déi am Courage, engem soziale Bistro zu Bouneweg, kritt. Ma vill Leit vun der Strooss géife sech net un d'sanitär Mesuren halen. A sech elo wärend der Pandemie weiderhin den Joint weiderreechen. De Khaled Belarouci sot nach, et wier net einfach, sech an dësen Zäiten z'isoléieren. Als Frontalier ass hien net an der Wanteraktioun zougelooss, well et der Servicer och a sengem Heemechtsland ginn. Esou datt de Mann elo an engem eidelen Haus squatt. Wat déi alimentaire Versuergung vun der Stëmm ugeet, déi géif vill hëllefen. Fir ze duschen a seng Kleeder ze wäsche geet hie moies an de Café Courage. Deemnächst sinn dës Servicer awer och nees op.
Khaled Belarouci: "Ekipp war engagéiert, vill Solidaritéit vu baussen, sief et mat Donen, Iessensspenden... huet sech als Secteur net eleng gelooss gefillt vun der Gesellschaft. Probéieren elo e Plan-Pandemie mat Prozeduren opzesetzen."
Fir d'Clientë vun der Stëmm vun der Strooss waren déi lescht Wochen net einfach, seet de Khaled Belarouci.
"C'était difficile pour trouver un logement, moi personnellement j'ai du trouver un squat. Une maison abandonnée. Donc ça c'est pour le repos, la nuit. Mais la journée, quand même avec le recomfort de la Stëmm et puis du Courage à Bonnevoie, ça se passe plutôt assez bien."
Fir eng Mask ze kréien, ze duschen a seng Kleeder ze wäschen, wier hien an de Courage zu Bouneweg gaangen. Vun en Dënschdeg u kënnen d'Leit och nees bei der Stëmm vun der Strooss duschen. Et goufe speziell Hygiène-Mesurë geholl, esou d'Lucia Neri De Oliveira, zoustänneg fir d'Duschen, d'Buanderie an d'Kleederstuff.
"On peut pas mettre une douche coller à l'autre, il faut aussi une demi heure d'espace entre les deux douches, pour désinfecter, nettoyer."
Et ass awer och den Opruff, datt d'Kleederstuff nees muss gefëllt ginn, ier se Enn Mee fir d'Clienten opgeet. Virop Härekleeder a guddem Zoustand a gewäsch géife gebraucht ginn. Déi waarm Moolzechte goufe wärend dem Confinement vun den Educateure verdeelt. Besonnesch am Ufank war d'Nofro méi grouss wéi soss, well déi vereenzelt sozial Servicer nach net esou gutt organiséiert an openeen ofgestëmmt gewiescht wären.
Alexandra Oxacelay:"Mä wat si awer elo gesinn a gemierkt hunn, ass, dass vill nei Gesiichter dobäi waren. Ech mengen, dass déi Kris wäert méi Aarmut mat sech bréngen an et wäerte méi aarm Leit op eis Servicer zréckgräifen. Ech mengen, dat ass elo schonn am gaangen ze geschéien."
Vun nächster Woch u kënnen d'Leit hir Kleeder dann nees wäsche loossen an nei Kleeder siche kommen. Dat war déi lescht zwee Méint net méiglech, wat awer net heescht, datt net no de Leit gekuckt gouf.
"Deux semaines après le confinement, notre directrice a beaucoup distribué."
D'Leit hätte séier keng Kleeder méi gehat, erkläert d'Direktesch vun der Stëmm, d'Alexandra Oxaceley. Et hätt e puer Woche gedauert, bis d'Koordinatioun tëschent deene verschiddenen Acteuren um Terrain geklappt hätt, bedauert si.
Et wier gutt, datt elo nees méi kéint geschafft ginn - de Sënn vun de Beschäftegungsinitiative wier nämlech, fir d'Leit iwwert d'Aarbecht ze stabiliséieren.
"Ech sinn iwwerzeegt, datt bei deenen 150 Leit, datt der och dobäi sinn, déi an d'Schwanke komm sinn, déi destabiliséiert gi sinn an déi doduerch elo net méi kapabel sinn zréck schaffen ze kommen."
Et géif een elo schonn ufänken ze gesinn, datt d'Kris nei Leit an d'Aarmut stierzt, seet d'Alexandra Oxaceley, zum Beispill un de Leit, déi an de leschte Wochen z'iesse siche komm sinn, do wiere vill nei Gesiichter dobäi gewiescht.
