ASBL "Solidarité Jeunes"Berodungs-an Therapie-Service fir Jonker mat Drogeproblemer elo zu Esch ageweit

RTL Lëtzebuerg
6 Méint nodeems se opgaangen ass, war zu Esch déi offiziell Aweiung vun der lokaler "Impuls"-Antenn.

Berodungs-an Therapie-Service, deen et jo scho soss am Land gëtt.

An "Al Esch" kréie jonk Leit tëscht 13 an 21 Joer, déi mat Drogen a Kontakt koumen vun der ASBL„Solidarité Jeunes“ gehollef.

"Impuls"-Antenn zu Esch ageweit
6 Méint nodeems se opgaangen ass, war zu Esch déi offiziell Aweiung vun der lokaler "Impuls"-Antenn.

1997 hat an der Stad en éischt „Impuls“-Haus seng Dieren opgemaach, 2017 dunn en zweet zu Ettelbréck an am Abrëll eben dat drëtt lo an der Minettmetropol. Dass eng Antenn am Süden net vu Muttwëll ass, beweisen d'Zuelen: 40% vun den Impuls-Cliente kommen nämlech aus dem Minett.

Vun Oktober u si schonn 50 Jonker en charge geholl ginn. D'Mataarbechter vun Impuls ginn awer och an d'Schoulen;
zu Esch sinn de Moment 3 Psychotherapeuten engagéiert, ideal fir och verstäerkt sou Preventiounsaarbecht an de Schoulen ze maachen, wieren de Responsabelen no 6 Leit

Back to Top
CIM LOGO