
Weider bleift e groussen Defis doranner, fir Talenter op Lëtzebuerg unzezéien an déi z'entwéckelen. Sou soll och a Liewensqualitéit investéiert ginn, wéi eng besser gesondheetlech Versuergung an nei ekonomesch Modeller, déi zum Beispill méi schounend mat Ressourcen ëmginn. Et ass d'Aufgab vun enger Héichschoul an der Recherche am Service vum Land an enger Gesellschaft ze stoen.
En Diplom soll déi aktuell an zukünfteg Ekonomie ënnerstëtzen. Un enger Analys, wat genee um Lëtzebuerger Marché gebraucht gëtt, gëtt den Ament geschafft.
"Dofir wëlle mer en Observatoire des Besoins en Compétence au niveau nationale" schafen. Virun allem, wat Héichschoulformatiounen ubelaangt, fir do eng Indikatioun ze ginn an dat ze kombinéiere mat der Talent-Strategie vun der Regierung. Et gëllt ze kucken Talenter ze developpéieren an déi unzezéien, déi mer zu Lëtzebuerg brauchen. Dat kenne mer nëmme maachen, wann mer och wëssen, wat mer brauchen an de jeeweilege Beräicher."
"Upskilling" a "Reskilling": D'Méiglechkeet also sech weiderzebilden oder eng nei Carrière opzebauen, gëtt ëmmer méi vun de Leit a Patronen zu Lëtzebuerg gefrot. Dës Optioune sollen an Zukunft méi am "A-la-carte-Prinzip" ugebuede ginn.
"Mir denken do virun allem u Formatiounen, déi en Zertifikat mat sech bréngen, awer och vu kuerzer Dauer kënne sinn. Sou datt een net direkt säi ganze Bachelor oder Master muss maachen an awer ECTS-Punkte ka kréien an déi iwwert eng Carrière ka sammelen. Déi kann een dann duerno komplettéieren an en Héichschouldiplom dofir kréien."
D'Course sollen zesumme mat der Universitéit vu Lëtzebuerg an hirem Kompetenzzentrum ausgeschafft ginn. An deem Kontext gëtt och den Ament un enger nationaler Plattform fir de Fernstudium geschafft. Vun dëser sollen awer net nëmmen Héichschoulkandidate profitéieren. Och Fonctionnairë kéinte sech an Zukunft iwwert dës Plattform weiderbilden.
2018/2019 hu 6.423 Leit zu Lëtzebuerg studéiert. 125 Natioune ware vertrueden an 43,9 Prozenter vun de Studente ware Lëtzebuerger.