An dësem Kontext gouf zu Esch Belval vun de Vertrieder vun der Belsch, Holland a Lëtzebuerg eng Absichtserklärung ënnerschreiwen, woumat festgehale gouf, wéi een grenziwwerschreidend virgoe wëll. fir dem Mënschenhandel entgéintzewierken.
D'Lëtzebuerger Justizministesch Sam Tanson, sot et misst een déi vulnerabelst Persounen - wat meeschtens Migranten sinn - schützen. Si ginn dacks Affer vun Händler, déi se sexuell oder aarbechtsméisseg ausbeuten. D'Zesummenaarbecht fir dogéint virzegoen, gëtt vun elo un tëscht de Benelux-Staaten méi verstäerkt.
D'lescht Woch hat d'aussepolitesch Kommissioun vum Europaparlament de Rapport iwwert d'Mënscherechter ugeholl: Am Januar gëtt iwwert deen Text ofgestëmmt. An deem gëtt ënner anerem vun den Entreprisë verlaangt, datt si eng Garantie gi fir de Respekt vun de Mënscherechter. D'Europaparlamentarier begréissen och, dat heimat ee Strofmechanismus soll geschaaft ginn.