WunnenBeim "Eco-Urbanismus" soll de Mënsch am Mëttelpunkt stoen

Christophe Hochard
Wéi kënnt d'Lëtzebuerg aus der Wunnengsbau-Kris eraus? Nieft dem Pacte Logement soll dat mat engem neien Outil, dem Guide "Eco Urbanismus", geléngen.
Beim "Eco-Urbansimus" soll de Mënsch am Mëttelpunkt stoen
Wéi kënnt d'Lëtzebuerg aus der Wunnengsbau-Kris eraus? Nieft dem Pacte Logement soll dat mat engem neien Outil, dem Guide "Eco Urbanismus", geléngen.

Nei Quartiere solle keng Insel an enger Stad ginn an et geet drëms, Ressourcen ze schounen a gläichzäiteg op erneierbar Energie ze setzen.Vill, nei Quartiere wäerten an den nächsten 10 bis 20 Joer zu Lëtzebuerg entstoen. Virun allem déi fréier Industriefriche sollen zum neie Liewen erwächt ginn. Sief et am Minett Esch/Schëffleng oder Diddeleng ewéi am Éislek zu Wolz. "Eco Urbanismus" heescht déi magesch Formule. Hei steet de Mënsch am Mëttelpunkt. Eng Symbios tëscht Natur a Bau soll entstoen. An anere Wierder: d'Iwwerhëtzung bremsen.

CO2-neutral Quartiere solle gebaut ginn. Fir ze hëtzen, soll wa méiglech op Geothermie zréckgegraff ginn. Sou Etudë lafe beim Bau vum Quartier "NeiSchmelz" zu Diddeleng. De Vëlo an den ëffentlechen Transport sollen hei am Virdergrond stoen.

Ausserdeem soll generatiounsiwwergräifend gebaut ginn: Eng héich Liewensqualitéit fir d'Awunner, op Biodiversitéit setzen a manner Betoun benotzen.

PDF: Dossier Guide «Éco-Urbanisme»

Back to Top
CIM LOGO