Covid-GesetzerBéid Gesetzer goufen an der Chamber guttgeheescht

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber ass um Méindeg d’Plenière beieneen, an déi steet nees ganz am Zeeche vun den ominéise Covid-Gesetzer.
Béid Gesetzer goufen an der Chamber guttgeheescht
An der Chamber ass um Méindeg d’Plenière beieneen, an déi steet nees ganz am Zeeche vun den ominéise Covid-Gesetzer.

Dat 1. Gesetz gouf mat 31 Jo, 25 Nee-Stëmmen a 4 Enthalunge guttgeheescht. D'Majoritéit vun DP, LSAP an déi Gréng huet fir de Gesetzprojet 7606 gestëmmt, d'CSV an d'adr dogéint, iwwerdeems sech déi Lénk an d'Piraten enthalen hunn. D'CSV war als gréisst Fraktioun am Parlament wéinst Onkloerheeten am Text net domat averstanen.

D'selwecht wéi dat éischt krut e Méindeg am fréien Nomëtteg an der Chamber och dat zweet sougenannt Covid-19-Gesetz mat 31 Jo-, 25 Neen-Stëmmen a 4 Enthalunge gréng Luucht. Och dat huet eng Validitéit vun engem Mount. Fir de Gesetzprojet 7607 waren d'Majoritéit vun DP, LSAP an déi Gréng, d'CSV an d'adr waren dogéint, an déi Lénk an d'Piraten hu sech enthalen. Wéinst engem Manktem u Koherenz am Text war d'CSV als gréisst Fraktioun am Parlament net domat d'accord.

3 weider Gesetzprojete goufen e Méindeg de Mëtteg an der Chamber guttgeheescht, an dat allen 3 eestëmmeg. De Projet 7617 gesäit d'Verlängerung vun enger ganz spezifescher Hëllef fir, déi sougenannt indemnité d'attente fir Aarbechter, déi extern reklasséiert gi waren, an elo nees drop waarden, an hirem urspréngleche Beruff eng Plaz ze fannen. 2 Gesetzprojete reegelen dann d'Modalitéiten, déi nom Etat de Crise temporär fir d'Reuniounen an de Gemenge gëllen.

De Projet 7568 gesäit d'Méiglechkeet vir, dass Membere vum Gemengen- respektiv Schäfferot d'Recht hunn, per Videokonferenz un enger Seance deelzehuelen.

Nom Etat de Crise, deen e Mëttwoch ëm Hallefnuecht ofleeft, wäert et ee Mount méiglech sinn, d'Informatiounsversammlungen an de Gemenge mat de Bierger iwwer d'Adaptatiounen am PAG per Videokonferenz ze maachen. Alternativ kréien d'Gemengen d'Méiglechkeet, dës Versammlunge klassesch mat physescher Presenz ofzehalen, wann déi allgemeng sanitär Mesuren agehale kënne ginn. Och eng hybrid Form gëtt duerch dëse Projet de Loi erlaabt, also eng Kombinatioun aus Videokonferenz a klassescher Reunioun.

Reaktiounen

Zum Gesetzprojet 7606 sot d'Gesondheetsministesch, dass an der Lutte géint d'Longekrankheet déi 1. Halbzeit gelaf wär. Et wär awer net relevant, ob se gutt gelaf wär, ma dat eréischt ze kucken, wann de Match eriwwer wär. Woubäi d'Gefor grouss wär, fir an der zweeter Hallschent e Selbstgol ze schéissen, spréch nees méi Infektiounen ze kréien. Méi op Eegeverantwortung ze setzen, hätt schonn en negativen Effet op d'Courbe, sot d'Paulette Lenert, well d'Zuel un Infektiounen eropgoe géif. Et wär net de Moment fir nozeloossen, well mir wären op ganz dënnem Äis:

Extrait Paulette Lenert

Et ass net de Moment ze relaxéieren, esou d'Ausso vun der Paulette Lenert. Et ass de Moment fir Eegeverantwortung ze iwwerhuelen an dobäi ze bleiwen a sech un d'Basis-Reegelen, déi net esou komplizéiert sinn, ze halen. Dofir soll een op Distanz bleiwen a wann een dat net kann, e Mask undoen. Et ass bei gréisser Rassemblementer, wou et geselleg gëtt, wou de Risiko läit an do wollte mer d'Schrauf nach e bëssen unzéien. Et ass elo net, fir ze fréi d'Gaarden erofzemaachen.

Zu neien Infektioune kéim et virun allem am Privaten, zum Beispill op Partyen, wat den Tracing och méi schwéier géif maachen, sou d'Ministesch.

Wat de Gesetzprojet 7607 ugeet, huet de Premier betount, dass et net de Verdéngscht vu Regierung a Chamber wär, dass mer de Virus souwäit am Grëff hätten, mä dee vum ganze Land. Och an den Ae vum Xavier Bettel ass de Match nach net gewonnen.

Extrait Xavier Bettel

Mä mir hunn eng grouss Etapp gewonnen, esou de Premier. Hien ass frou, datt mer eis zu Lëtzebuerg d'Fro net hu misste stellen, wie mer behandelen a wien net, wéi dat am Ausland de Fall war.

Et géif nach ëmmer ëm d'Gesondheet vun de Bierger a virun allem ëm Solidaritéit goen, huet de Staatsminister ënnerstrach.

D'Gesondheetsministesch huet zu deem Projet de loi nach preziséiert, dass en Thé dansant net erlaabt ass, am Géigesaz zum Kaartespiller am Bistro, an dass e Cafetier, deen engem am Stoen zerwéiert, net konform wär. Verbuede si weiderhi Foiren a Salone bannenan, genee wéi Diskoen, wougéint e Café mat Musek ok wär. Eng Maskeflicht géif et nach am ëffentlechen Transport ginn an do, wou Public empfaange gëtt. Bei Rassemblementer iwwer 20 Leit géif d'Sëtzen op zwee Meter gëllen oder mat Mask, et géif och bei deenen 2 Meter Ofstand bleiwen a bei der Späerstonn bis Hallefnuecht.

Diskussiounen am Virfeld

„Den État de crise leeft iwwermuer aus, d'Kris ass awer nach net eriwwer!“: Mat deene Wierder huet de President Fernand Etgen um Méindeg de Moien am Stater Cercel d'Chambersëtzung opgemaach, an där sech mat den zwee sougenannte COVID-Gesetzer sollt befaasst ginn.

Den Ufank huet de Gesetzprojet 7606 iwwer eng Serie vu Mesurë gemaach, déi d'Privatpersoune betreffen. Heizou gouf et Kritik, absënns vun der CSV, där et u Kloerheet am Text feelt.

Covidgesetzer an der Chamber / Reportage vum Eric Ewald

Den État de crise wär e Mëttwoch eriwwer, den État de grâce vun der Regierung wär et och: Dat war ee Fazit am Claude Wiseler senger Ried zum Projet de loi 7606. Am Mäerz hätt d'CSV Fräiheete mat limitéiert, well d'Situatioun et verlaangt hätt. Elo géif et awer Ënnerscheeder ginn, well kloer Zilsetzungen am Gesetztext feele géifen. Well dëse Projet de loi schlecht war, hätt de Staatsrot e frësch geschriwwen, sou den Deputéierte vun de Chrëschtlech-Sozialen, fir déi déi am Ufank virgesinnen „Zwangshospitalisatioun“ inacceptabel war. Et wäre Changementer komm, et wär ee fir de „Confinement forcé“, ma et stéingen nach vill Froen op. Claude Wiseler:Mä mir soen awer grad esou gutt, datt dat Instrument da muss präzis, däitlech an haaptsächlech och an der Realitéit applicabel sinn an net just mat vaguen a flouen Notiounen operéieren, déi duerno a Realitéit eis wäerte juristesch enorm Schwieregkeete stellen. An dat wat an dësem Text steet ass an eisen Aen net applicabel, sou wéi et elo do steet.

Deen neien Text wär vill besser wéi den initiale vun der Regierung, awer alles anescht wéi gutt, huet de Claude Wiseler nach betount. D'CSV géif wéinst den Onkloerheeten am Text dann och mat Nee stëmmen.

De Georges Engel huet et „onverantwortlech fonnt“, deen Text net mat ze stëmmen.

Georges Engel:Well wat geschitt, wann dat Gesetz hei net d'Application gëtt? Da komme mer erëm zeréck an déi Situatioun vu virun der Kris, wou alles erlaabt ass. Wou mer kënnen alles maachen, wou dausende Leit kënnen zesummekommen, mat dem Risiko, datt Leit sech infizéieren.
Eng Enthalung hätt den LSAP-Fraktiounschef verstanen, wéi hie sot, net awer en Neen.

Hie wär erstaunt an erschreckt gewiescht iwwert d'Tragweit vun de Mesuren, déi am Mäerz ergraff goufen, awer carrement entsat iwwert den initiale Projet de loi 7606, sot de Roy Reding.

Roy Reding:Datt hei eng Regierung, an där, wann ech richteg gezielt hunn, net manner wéi 5 Volljuriste sëtzen, en Text duerchwénken an hei deposéieren, an deem vun Zwangshospitalisatioun rieds geet. Hospice = Gaascht... wéi kéint een en Zwangs-Gaascht ginn? freet de Roy Reding.

Dem adr-Deputéierten no gëtt et awer och Bedenke wat de verbesserten Text ugeet. Dofir wär seng Partei aus Iwwerzeegung géint dee Gesetzprojet.

De Marc Baum huet iwwerdeems deklaréiert, dass de Gesetztext duerch d'Chamber entschäerft a verbessert gi wär. Op Grond vum „schlecht strukturéierten a redigéierten Text“ géife sech déi Lénk awer enthalen.

© Chambre des Députés

Fir de Sven Clement wär dësen Text vill besser wéi déi 1. Ebauche. En hätt awer nach misse méi kloer ginn. Well een allerdings op richteg schlecht Gesetzer zeréckfale géif, sollt dat Gesetz net ugeholl ginn, géifen d'Pirate sech enthalen, well dësen Text „dat manner grousst Iwwel“ wär.
Um Méindeg gëtt also weider un de Covid-Texter geschafft, deenen Texter also, déi den Ëmgang mat der Corona-Pandemie solle reegelen, wann den Etat de crise e Mëttwoch bis ausleeft. Engersäits op privatem Plang, wéi den Ëmgang mat Masken, Limitatiounen bei Rassemblementer an esou weider gereegelt ass, an zweetens Mesuren, Restriktiounen a sanitär Reegelen, déi d’Wirtschafts-Aktivitéit, d’Kultur oder de Sport concernéieren.

Déi zwee Gesetzer spillen dann emol fir ee Mount, a kënnen zu all Ament ugepasst ginn, wann dat nees géif néideg ginn. Modifikatiounen, déi natierlech vun der Chamber mussen ofgeseent ginn.

D'Texter, déi elo virleien, a ganz vill a laang an den zoustännegen Chamberkommissiounen diskutéiert goufen, géife Garantie ginn, sot e Samschdeg bei eis am Background de Premier Xavier Bettel.  D'Texter géifen e bësse méi Rechtsschutz ginn, wéi den aktuellen Pandemies-Text vun 1980.

Um Ufank vun der Chamberssëtzung sot de Rapporteur Mars Di Bartolomeo, dass mer a méi eng grouss Normalitéit eraklammen, de Virus awer nach ëmmer do ass. Fir den LSAP-Deputéierte wär am Mäerz dat wäitreechendst Gesetz zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich gestëmmt ginn, mat deem een der Regierung Vollmuechte ginn hätt. Et wär vill geschitt, richteg an zum richtegen Zäitpunkt gehandelt ginn an de Gesondheetssystem ni iwwerfuerdert gewiescht.

© Chambre des Députés

Wat déi zwee Covid-Gesetzer ugeet, wär eng gutt Aarbecht vu Majoritéit an Oppositioun geleescht ginn. Et géif een op eng Approche vu Vertrauen a Responsabilitéit setzen. De „Confinement forcé“ wär de meescht diskutéierte Punkt, huet de Mars Di Bartolomeo confirméiert. Sou eppes hätt ewell an engem Gesetz vun 1980 gestanen a wär a 40 Joer just eng Kéier applizéiert ginn. Dem Rapporteur no sollt dann och nëmmen am extreemste Fall dorop zréckgegraff ginn.

Extrait Mars di Bartolomeo

Den Deputéierte vun der LSAP huet nach gemengt, dass déi zwee Projeten eigentlech vu jidderengem kéinte gestëmmt ginn. Dat géif awer wuel e fromme Wonsch bleiwen.

RTL-Artikel vum 20.6.20: Weider Covid-Gesetzer krute gréng Luucht vun der Chamber

Back to Top
CIM LOGO