ROADPOL-Kontrollwoch "Truck & Bus"Bei 68 kontrolléierte Camione goufen et vill Verstéiss géint Fuer- a Rouzäiten

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Woch goufen et am Kader vun enger europawäiter ROADPOL-Kontrollwoch gréisser Camionskontrollen och hei am Land.
© Police

Bei de Kontrolle gouf virun allem gepréift, ob d'Fuer- a Rouzäiten agehale goufen, ma och op d'Gefierer technesch an der Rei sinn, an ob d'Charge richteg geséchert ass.

Zu Lëtzebuerg ware 7 grouss Kontrollen, dat op den Autobunnen A6 an A7, grad ewéi op den Nationalstroossen N5, N6, N7 an N11. Heibäi goufen 68 Gefierer méi genee ënnert d'Lupp geholl. Et goufen 62 Verstéiss géint d'Fuer- a Rouzäite festgestallt, 2 Verstéiss wéinst Luedungssécherung an 8 aner Verstéiss, wéi z.B. technesch Defekter.

© Police

Back to Top
CIM LOGO